Radioen

On air

Notturno  |  Althea & Donna - Uptown Top Ranking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Relatioun tëschent Haff a Staatsministère nees ugespaant

Personalsituatioun um Haff

Relatioun tëschent Haff a Staatsministère nees ugespaant

D'Relatiounen tëschent dem groussherzoglechen Haff an dem Staatsministère sinn op en Neits ugespaant. De Premier Xavier Bettel huet duerch eng Interventioun beim Haff d'Entloossung vum Cabinetschef vum Grand-Duc bis op Weideres erëm réckgängeg gemaach. Déi Nouvelle vum Onlinemagasinn Reporter.lu krut den 100komma7 vu gutt informéierte Sourcë confirméiert. Reporter.lu hat gemellt, datt den Haff dem Michel Heintz Enn Mee matgedeelt hätt, datt hie géif entlooss ginn - dräi Deeg éier déi nei Haffmarschallin Yuriko Bakes ugefaangen huet mat schaffen.

auto_stories

2 min

Als Begrënnung fir d'Entloossung wier en "onwidderufbare Vertrauensbroch" genannt ginn, esou Reporter.lu. Allerdéngs war dëse Schrëtt net mam Staatsministère ofgeschwat. Een Dag no der Entloossung, esou de Magasinn Reporter, hätt de Premier beim Grand-Duc intervenéiert an d'Entscheedung wier réckgängeg gemaach ginn. Den 100komma7 krut dat vu gutt informéierte Sourcë confirméiert. De Premier hätt dobäi rappelléiert, datt wichteg Personaldecisioune mam Staatsministère missten ofgeschwat ginn. Datt den Haff Enn Januar matgedeelt huet, e géif d'Reformen aus dem Waringo-Rapport ënnerstëtzen an trotzdeem elo dës Personaldecisioun net mam Staatsministère ofgeschwat hat, hätt fir Spannunge gesuergt, esou eis Sourcen. Weider Spannunge ginn och net ausgeschloss, wann de groussherzoglechen Haff sech net u seng Engagementer hält.

Am Artikel vum Onlinemagasinn Reporter gëtt geschriwwen, datt net kloer wier, wéi laang de Michel Heintz op sengem Posten als Chef de Cabinet bleift. An och de President vun den Administrations des Biens vum Haff, Albert Wildgen, kéint sech dem Artikel no zeréckzéien.

Eng schrëftlech Ufro vum 100komma7 iwwer d'Zukunft vum Albert Wildgen an dem Michel Heintz huet de groussherzoglechen Haff gëschter Owend net beäntwert. Mir hunn och gefrot, ob den Haff déi ugeduechte Reformen aus dem Waringo-Rapport weider géif ënnerstëtzen.

Nodeems eng Rei Problemer bei der Personalpolitik um Haff bekannt goufen, hat de liberale Premier Xavier Bettel de fréieren héije Beamte Jeannot Waringo als Spezialbeoptraagten un den Haff geschéckt, fir e Rapport ze maachen. Duerno sollten d'Virschléi aus dësem Rapport ëmgesat ginn. Heifir huet de Grand-Duc sech och zwee Beroder zur Säit geholl.