D'Ausstierwe wier duerch eng Kombinatioun vu ville verschiddene Facteure bedéngt, esou d'Lea Bonblet am Interview mam Rick Mertens. Fir d'Biologin vun "Natur an Ëmwelt" kéint een dofir nëmme schwéier soen, wéi grouss den Afloss vun all eenzele Facteur ass.
Spezifesch fir Lëtzebuerg wier, datt de Liewensraum fir Déiere méi zerspläitert ass wéi an anere Länner: "Mir hunn en Dicht Stroossennetz tëscht Siedelungen, déi am Ausbau sinn, a vill kleng Fläche vun Habitater." Well d'Déierepopulatiounen op dëse limitéierte Flächen éischter kleng sinn, wier et ëmsou méi geféierlech, wa si vun de Nopeschpopulatiounen ofgeschnidde ginn. An opgeschniddene Populatioune géif et duerch Inzucht nämlech zu geneteschen Defekter kommen, esou d'Lea Bonblet.
Allgemeng wier et "relativ schwéier soen", wei eng Aarten am meeschte bedreet sinn. Bei den Insekte géifen eng ganz Réi Zorte riskéiere "relativ onbemierkt" ewech ze falen. International an europäesch Statistike géifen zum Beispill weisen, datt bei de Beien "all zéngt Aart bedreet ass". Zu Lëtzebuerg wieren donieft och Amphibien- a Reptilienaarten, déi a Fiichtgebidder doheem sinn, besonnesch betraff.
"Mesuren am Naturschutzplang net schlecht"
D'Regierung huet viru kuerzem en nationalen Naturschutzplang presentéiert, dee soll hëllefen, d'Biodiversitéit am Land z'erhalen. Natur an Ëmwelt begréisst d'Ziler, déi dora festgehale sinn. "Déi Mesure sinn net schlecht, well se ganz vill op d'Vernetzung, d'Erhalen an d'Verbesserung vun de Liewensraim setzen," esou d'Lea Bonblet. D'Biologin weist awer och drop hin, datt et "net ëmmer einfach" wier, esou Ziler ëmzesetzen. D'Ziler aus dem virëschten Naturschutzplang wieren net all ëmgesat ginn.
Zousätzlech Naturschutzmesure fuerdert d'Lea Bonblet iwwerdeems fir d'Landwirtschaft. Sou géif zënter 2014 un engem nationalen Aktiounsplang fir d'Reduktioun vun de Pestizide geschafft ginn. Dee Plang wier awer nach ëmmer net offiziell festgehalen.