Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tracy Chapman - Born To Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Remboursement accéléré: CNS an AMMD ënnerschreiwe Konventioun

Gesondheet

Remboursement accéléré: CNS an AMMD ënnerschreiwe Konventioun

D'Gesondheetskeess huet eng Konventioun mat den Dokteschassociatiounen ënnerschreiwen fir den digitalen Echange vun Informatiounen, deen de Wee fräi mécht fir e méi séiere Remboursement vum Patient.



auto_stories

3 min

Verschidde Patiente wäerten de QR-code op der Doktesch-Rechnung bemierkt hunn. D'Donnéeën déi d'CNS beim Scanne vun dësem Code opruffbar sinn, ersetzt déi analog Aarbecht déi üblecherweis gemaach gëtt fir de Patient ze rembourséieren. Resultat: de "Remboursement accéléré".

"Mir kreien dann de QR-Code op d'Gesondheetskeess geschéckt, mir ruffen dann dat Dokument op, da kënne mir dat Dokument bei eis eroflueden an de Remboursement maachen", seet de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé.

E Schratt a Richtung Tiers payant?

Den Ament kritt de Patient nach eng Pabeiersrechnung, ebe just mat QR Code. D'CNS hofft datt bis Juli wéinstens 30 Prozent vun de ronn 2.000 Dokteren hier Informatik update fir da mam Roll-out vun enger CNS-Applicatioun deen nächste Schrëtt anzeleeden a Richtung Digitalisatioun. Et géif een ufanks just d'Dokteschrechnungen digitaliséieren, virgesinn ass awer och, datt d'Dokteren all Pabeiers-Dokumenter dem Patient iwwer d'App schécken wäerte kennen.

D'Digitaliséierung an domat d'Eliminéierung vu Pabeiersdokumenter wéi mémoire d'honoraires, Ordonnancen a certificats de maladie sinn e wichtege Schratt a Richtung payement immediat direct, (fréier och tiers payant). Zwar géif weiderhin d'Méiglechkeet bestoen dee gewinnte Wee mat Pabeier (also per Post) seng Rechnungen rembourséiert ze kréien, den direkte Remboursement géif awer nëmmen digital fonctionéieren, esou den Christian Oberlé. De President vun der Gesondheetskeess ass och zouversiichtlech, datt een de Stéchdatum vun 2023 fir de Payement immédiat direct och anhalen kéint.

D'Patientevertriedung ass skeptesch

D'Patientevertriedung reagéiert mat Skepsis op déi nei Konventioun tëscht CNS an Dokteschassociatioune ronderëm d'Bezuelen an de Remboursement vun Doktesch-Rechnungen.

Eng Rei Problemer identifizéiert de René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung, beim System deen duerch d'Konventioun agefouert gett. Éischtens wier den Opwand grouss fir de Patient, well deen eng digital Applikatioun erofluede misst fir seng Rechnung rembourséiert ze kréien. Dat wier eng Barrière fir déi Patienten déi keen oder e schwéieren Accès zu Smartphonen hätten. Well d'Konventioun net all d'Dokteren vum Land abezitt, an dobäi net obligatoresch ass, géif net all Dokter de selwechte System applizéieren. Iwwer dës elektronesch Hürden eraus ass déi gréisst Suerg, datt een vum tiers payant généralisé ewechkënnt.

"Ech fäerten, datt versicht gëtt net an déi Richtung ze goen, déi d'Regierung sech ginn huet. An eppes ze verkafen, wéi wann et dat selwecht wier, wat awer net dat selwecht ass."

Patientevertriedung fuerdert weider den tiers payant généralisé

De René Pizzaferri schwäetzt vun "Ettiketteschwindel". D'Patientevertriedung bleift bei hirer Fuerderung vum tiers payant généralisé, esou wéi en aktuell zum Beispill mat den Apdikte fonctionéiert. Bei der Ordonnance bezilt de Patient seng eege Participatioun a gëtt informéiert iwwer d'Opdeelung vun de Chargen. Mat der neier digitaler App géif dem René Pizzaferri no, dës Iwwersiicht vun de Chargen - wéi se eigentlech am Tiers payant virgesinn ass - awer verluergoen.

"Dat verschwënnt, well hei dat Gesamt op Keess geschéckt gëtt an d'Keess rembourséiert, awer d'ganz Differenz déi zu ärer Charge bleift, déi ass net opgedeelt. Do steet net 'dat ass en deel participation statutaire', dat ass eng convenance personnelle déi ären Dokter Iech verrechent huet."

Firwat ee bei den Dokteren net iwwer den Tiers payant généralisé fuere wéilt? Dem René Pizzaferri seng Aschätzung dozou ass déi hei.

"Wéinst der convenance personnelle déi net ka gefrot ginn. Déi souwisou illegal ass a vill Fäll, an déi awer permanent gefrot gëtt, déi mécht am gesamten Opwand vun den Honorairen bal 10 Porzent vum Akommes, wat ongerechtfäerdegt ass. Dat géif domadder verluer goen."