Radioen

On air

De Moien  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Remboursement vun Dokteschcotisatioune steet net am Wahlprogramm"

Chamberwahlen 2018

"Remboursement vun Dokteschcotisatioune steet net am Wahlprogramm"

Leit, déi ee Joer laang net bei den Dokter ginn, sollen een Deel vun hire Cotisatiounen zeréckkréien. Déi Iddi huet de Jean Colombera - Kandidat fir d'Piratepartei am Norden - de Mëttwoch op enger Pressekonferenz lancéiert. Dës Fuerderung steet net tel quel am Wahlprogramm. Dat confirméiert den Zentrumskandidat vun der Piratepartei Jerry Weyer. D'Kandidatin vun déi Lénk am Norden Tréis Gorza betount, datt si guer näischt vun der Iddi vum Jean Colombera hält. De Prinzip vun der Solidaritéit misst spillen.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow
Jerry Weyer (Piratepartei) an Tréis Gorza (déi Lénk)

Anescht wéi DIE LINKE an Däitschland ass déi Lénk hei am Land net fir e steierfinanzéiert Grondakommes fir Jiddwereen. Dat wier zwar eng ganz sympathesch Iddi, esou d'Nord-Kandidatin vun déi Lénk Tréis Gorza. Den Hoke bei der Saach wier awer, datt d'Iddi kéint pervertéiert ginn. D'Zomme vun engem Grondakommes, déi genannt ginn, géifen ënner dem Existenzminimum leien.

D'Piratepartei proposéiert als laangfristeg Léisung e Grondakommes ouni Géigeleeschtung fir Jiddwereen. Dat wier eng Léisung fir den Ëmstand, datt an Zukunft Aarbechtsstonnen an Aarbechtsplaze wäerten ewech falen, erkläert den Zentrums-Kandidat Jerry Weyer.

Nei Etüde géife weisen, datt vläicht schonn 2025 méi wéi d'Hallschent vun den Aarbechtsstonne vu Roboteren oder automatiséierte Systemer wäerte gemaach ginn. D'Grondakommes wier an deem Kontext als Reaktioun ze verstoen, fir eng Existenzsécherung ze garantéieren, ouni mussen op eng bezuelbar Aarbecht ugewisen ze sinn.

Anescht wéi an der Vergaangenheet nennt d'Piratepartei an hirem Programm fir d'Chamberwahlen 2018 keng Zomm méi, wéi héich e Grondakommes soll sinn. Doriwwer misst eng gesellschaftlech Diskussioun gefouert ginn, esou de Jerry Weyer.

Ziler fir d'Chamberwahlen 2018

Bei de Chamberwahlen 2013 war d'Piratepartei eng éischte Kéier ugetrueden an hat 2,9 Prozent vun de Stëmme kritt. Dat war net duer gaange fir e Sëtz an der Chamber.

Dëst Joer wier et d'Zil, wéinstens ee Sëtz an dëse Bezierker ze kréien. "Et ass elo Zäit, datt d'Piraten an d'Chamber kommen".

déi Lénk hat bei de Chamberwahle viru fënnef Joer hir Zuel vun de Sëtz an der Chamber op zwee verduebelt, mat 4,9 Prozent vun de Stëmmen. Wéi vill Sëtz sollen et - dem Tréis Gorza no - nom 14. Oktober sinn?

"Ech widderhuelen dem Här Baum seng Ausso vu gëschter nach eng Kéier. Mir striewen eng Fraktioun un. Mir mierken, datt mir Zousproch kréien. Mir hoffen och, datt mir Frae vun déi Lénk an d'Chamber kréien, dat läit mir perséinlech staark um Häerz."