Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Renovatioun vum Centre Ulysse

Sans-Abri

Renovatioun vum Centre Ulysse

Bannen den nächsten zwou Woche sollen déi lescht 12 Obdachloser aus dem Centre Ulysse relogéiert gi sinn, hofft d'Caritas. D'Gebai um leschte Steiwer zu Bouneweg mécht da seng Dieren zou fir eng komplett Renovatioun. Ënner anerem well den Ofwaasser-System net méi funktionéiert. D'Diskussiounen tëschent der Caritas, dem Familljeministère a Bâtiments publics iwwer d'Zukunft vum Centre Ulysse lafen den Ament un.

auto_stories

3 min

Den Andreas Vogt, Direktiounsmember vun der Caritas, ass frou, datt wéinst der geplangter Renovatioun keng vun de Persounen, déi zum Deel iwwer Méint am Centre Ulysse gewunnt hunn, an der Wanteraktioun um Findel misste schlofen. Op den neie Plazen, wou si ënnerkomm wieren, géife si d'selwecht encadréiert a begleet gi wéi am Centre Ulysse.

Fir Verschiddener géif et eventuell méi schwiereg ginn, well net jiddwereen an der Stad selwer relogéiert gouf. "Dat heescht e puer Leit hu lo gréisser Distanzen, déi si musse maachen, an dat ass eng Contrainte.", esou den Andreas Vogt. Et wieren awer och Leit ginn, déi net frou an esou enger grousser Struktur mat iwwer 60 Leit ze wunnen, an "déi sinn eventuell frou."

Eng diversifizéiert Offer

Den Ament ass den Zenter als Foyer fir den Accueil an den urgenten Hebergement vu 64 Persounen ausgeriicht. D'Populatioun géif awer wuessen, an och d'Zuel vun de Betraffenen, déi op de Centre Ulysse zeréck géife gräifen, géif an Zukunft an d'Luucht goen, esou den Andreas Vogt.

De Centre wier, wéi e virun 20 Joer opgemaach ginn ass, bal déi eenzeg Struktur gewiescht fir Leit op der Strooss opzefänken. An Tëschenzäit wier déi Offer e bësse méi diversifiéiert ginn, mee et misst nach méi gemaach ginn: eventuell méi kleng a méi dezentral Strukturen, nennt den Andreas Vogt.

De Leit aus der Prekaritéit hëllefen

D'Äntwert op d'Fro, wéi de Centre Ulysse an Zukunft soll funktionéiere misst senger Meenung no Deel vun der Äntwert vu Lëtzebuerg generell op d'Problematik vum Sans-abrisme sinn. D'Zil vun der Renovatioun vum Zenter wier et, d'Gebai fit ze maache fir déi nächst Joren.

Dofir misst ënner anerem d'Konzept vun der Struktur adaptéiert ginn. D'Familljeministesch Corinne Cahen mengt, datt ee méi modern misst ginn, wann een d'Leit wéilt stabiliséieren, wann een de Leit aus der Prekaritéit wéilt hëllefen.

"Mir gesinn, datt mir mam Housing first wierklech extrem gutt Resultater hunn. Datt mir d'Leit stabiliséiert kréien. Datt mir si och vun hiren Ofhängegkeeten - vläicht net ganz fort kréien ëmmer - mee awer trotzdeem, datt si manner drénken, manner Droge konsuméieren. An datt si, wa si mol bis eng Kéier een doheem hunn, ee bei-sech-doheem mat engem Schlëssel, wou si kënne fräi eran an eraus goen, wéi si wëllen, datt si dann och wierklech stabiliséiert si fir hiert Liewen nees méi an de Grëff ze kréien. A virun allem, datt si dann net méi Sans-abris sinn, mee datt si een Daach iwwer dem Kapp hunn."

Renovatioun soll de Leit zegutt kommen

Dat misst dat éischt Recht fir déi Betraffe sinn, esou nach d'Ministesch. An enger zweeter Etapp géif een da kucke fir e Projet ze entwéckelen, fir datt d'Leit beispillsweis eng Weiderbildung kéinte maachen. "An dofir wëlle mir elo zesumme mat der Caritas kucken, wéi mir dee Foyer Ulysse da kënne renovéieren, natierlech och mat Bâtiments publics." Et wéilt een eng Etapp weiderkomme fir de Leit an Zukunft en Doheem kënnen ubidden.

Wéini d'Diskussiounen iwwer d'Renovatioun vum Centre Ulysse ofgeschloss wäerte sinn, ass nach net gewosst. Och de Käschtefacteur gouf nach net chiffréiert, mee et wéilt een eppes maachen, "wat wierklech Sënn mécht a wat de Leit zegutt kënnt, do liewen awer och déi, déi do schaffen."