Radioen

On air

De Moien  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rentrée am Fondamental

Deconfinement

Rentrée am Fondamental

D'Schoulen vum Fondamental nom Confinement neess opzemaachen, ass eng grouss Entreprise. D'Michèle Sinner war Uganks der Woch op Schëffleng an d'Nelly-Stein-Schoul kucken, wéi sech preparéiert gouf.

auto_stories

4 min

Et ass nawell eng komplizéiert Affär: d'Klasse gi jo bekanntlech an zwee gespléckt. Si léieren eng Woch mat hirem Titulaire an der Schoul a sollen déi aner Woch doheem üben. Net all Kanner kënnen awer doheem versuergt ginn, wann si Übungswoch hunn.

Dofir muss an de Schoulen eng Surveillance organiséiert ginn an et brauch ee méi Personal pro Klass ewéi normal, an och méi Plaz. Datt ass ewéi e Puzzle mat ganz ville Stécker esou de Schoulpresident Sammy Orazi Uganks der Woch:

"Éischtens wéi eng Kanner a wéi eng Grupp ginn, an och wéi een Enseignant wéi e Grupp betrei, zu wéi engem Zäitpunkt. Lo steet nach u wie wéi laang schafft, wéi ee sech da vum Stonneplang hier organiséiert."

D'Preparatioune wiere nach laang net ofgeschloss a géifen an de leschte Wochen op Héichtoure lafen. Dat hätt ee virun der Schoulreform vun 2009 net kënne maachen, well et virdrun déi systematesch Zesummenaarbecht net gi wier.

Et gëtt kee Prezedenzfall

Den Zesummenhalt ënner de Kolleegen an d'Solidaritéit hätt et iwwerhaapt erméiglecht, der Situatioun Meeschter ze ginn, ënnersträicht de Sammy Orazi. Fir déi nei Situatioun elo an de Schoule gouf et kee Prezedenzfall. En Cours de route vun de Preparatioune gouf et dofir ëmmer erëm Upassungen.

"Iwwer déi lescht Wochen hu mer eben emol vun A- a B-Gruppe geschwat, vun A- a B-Wochen, 1 an 2, XY. Dat huet natierlech souwuel Enseignanten, wéi Elteren a Kanner duerchernee gemaach: sinn ech dann elo an deem Grupp, sinn ech bei mengem Kolleeg, sinn ech bei menger Frëndin, kann ech déi endlech erëm gesinn?"

Et wier organisatoresch net méiglech, fir jiddweree glécklech ze stellen herno. Déi vill Aarbecht hätt sech awer gelount, mengt de Sammy Orazi.

"All Kand ka säin Titulaire gesinn, all Kand setzt an engem anstännege Raum, net, wat vill Leit gefaart hunn an enger Ofstellkummer, jiddweree kann op richtege Bänke sëtzen an huet säi Material, huet seng Distanzen zu anere Kanner."

En Dënschden de Moie waren an der Nelly-Stein-Schoul, wou eng 200 Schüler hi ginn, schonn d'Bänken an de Klasse geraumt. D'Gemengepersonal war nach am gaangen an de Gäng, d'Markéierungen ze pechen. Se sinn e bësse schmuel fir zwee Meter Ofstand ze halen, mee all Kand kritt zwee Buffe fir unzehalen, bis se am Sall sinn.

Et bleiwe Froen op

D'Nicole Kemp ass Sécherheetsbeoptraagte vun der Schoul. Keng einfach Tâche de Moment, fir z'assuréieren, datt keen sech kräizt, wou e net soll. Vill Froe géifen nach opstoen an et géife lues a lues méi Detailer kommen, "wou ee sech da freet: dat do musse mer och kucken, wéi reegele mer dat, wéi een da virgeet, wann ee Kand op d'Toilette muss. Do weess ee jo net, ob vun der aner Klass net schonn ee Kand op der Toilette ass, wéi leeft dat dann of, wéi organiséiere mer dat?"

D'Nicole Kemp huet allerhand Material bestallt, Plexiglas fir d'Pulter ofzetrennen, Visière fir Léierpersonal, wat nach huet musse verdeelt an installéiert ginn. Datt déi verschidde Kannergruppe sech net solle mëschen, bréngt och nach aner Contrainte mat sech.

"D'Kanner kënnen natierlech net alleguer zesummen an d'Paus goen. Do hu mer da verschidden Horairë fir d'Pause gemaach. Och do ass et schwiereg, déi kommen aus der Paus erop, déi aner ginn erof, déi dierfe sech net kräizen. Da musse mer erëm kucken; wéi organiséiere mer dat?"

Ee groussen Challenge

Datt d'Kanner an deene Pausen am Fong net dierfe matenee spillen, gëtt eng Erausfuerderung, seet d'Nicole Kemp. Mee well all Dag bis eng Auer Schoul ass an d'Pause gestaffelt sinn, riskéiert et nawell laang Deeg ze ginn, besonnesch fir déi kleng, wéi d'Sarah Scholtes, Léierin am Cycle 2 seet.

"Dat gëtt de groussen Challenge fir déi sechs bis aachtjäreg effektiv beschäftegt ze kréien, andeems se awer eigentlech bis op eng kleng Paus bei eis um 9:35, jo op hire Still ze halen. Well dat, wat mer virdru ganz vill maachen, Sëtzkreesser, Gruppenaarbechten, Beweegungsspiller, dat ass alles net méiglech no deenen heite Richtlinnen. Dat heescht, mir musse kucken eise Programm awer esou ofwiesslungsräich ewéi méiglech ze gestalten, och wann et frontal ass."

Trotzdeem freeë si sech, datt d'Schoulen nees opginn, esou de Sammy Orazi. Den Unterrecht op Distanz déi leschte Woche wier immens ustrengend gewiescht, och wann een dat dobausse vläicht net esou gesinn hätt. Et hätt een net ëmmer op d'Besoine vun den Eenzelen agoen. No de Videokonferenzen hätt een nach eng, zwou Stonnen den Elteren telefonéiert fir se ze berouegen. Et hätt ee misste probéiere fir d'Kanner, d'Mammen, d'Pappen, Betreier alleguerte glécklech ze stellen.