Radioen

On air

Espresso Beats  |  Isaac Delusion - Magicalove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reouverture mat zousätzlechen Dokteren

Ettelbrécker Maternité

Reouverture mat zousätzlechen Dokteren

Et kommen zousätzlech Dokteren bäi fir déi urgent Prise en charge vun neigebuerene Puppelcher ze assuréieren, wann déi Ettelbrécker Maternité den 1. Juni nees opgeet. Dat sot eis den Direkter vum Spidol, Dr. Paul Wirtgen.

auto_stories

2 min

Den Dr. Paul Wirtgen ass Direkter vum CHDN. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Ettelbrécker Spidol hat de 4. Abrëll d'Decisioun geholl, hir Maternité provisoresch zouzemaachen. Hannergrond war e Manktem u spezialiséierten Doktere fir d'Urgencë bei Gebuerten ze assuréieren. Fir eng séier Reouverture kënnen ze garantéieren, gouf iwwer déi lescht Wochen en neit Konzept ausgeschafft.

Mat de concernéierten Ekippe vun der Ettelbrécker Maternité a mam Service vun der Neonatologie vum Stater Centre Hospitalier ass e Plang ausgeschafft ginn, erkläert den Dr. Paul Wirtgen:

"Et ass eng Aarbecht um Niveau vun der Direktiounen a mat de Fonctionnairen, Haaptcommissaire an dem éischte Conseiller vum Ministère vun der Santé gewiescht, an dat huet erlaabt, datt mir déi grouss Linnen, déi an eng Konventioun koumen, op Direktiounsniveau konnten finaliséieren an anersäits all déi praktesch Ofleef mat den Dokteren, mat de Soignanten definéiert hunn."

Op Grond vun dëser neier Konventioun konnten am nationale Service vun der Neonatologie am CHL zousätzlech Dokteren agestallt ginn. Zousätzlech Doktere géifen et erlaben, datt och an der Nuecht an um Weekend zwee Doktere gläichzäiteg op der Plaz kéinte schaffen, seet den Dr. Paul Wirtgen. Doduerch kéint méi einfach garantéiert ginn, datt een Dokter an d'Maternité vum CHDN gefuer kéint kommen, wann ee Besoin do wier.

An och intern, an der Ettelbrécker Maternité selwer, gëtt et Ännerungen bei der Aarbechtsopdeelung vun den Ekippen. Vum 1. Juni un sollen zwee Anästhesiste bei enger Gebuert intervenéieren:

"Esou ass ëmmer garantéiert, datt een d'Prise en charge ka maachen, esouguer wann eng Mamm eng grav Pathologie hätt an zäitgläich de Puppelchen. An d'Hiewamm an Puericultricë sinn natierlech och an deem Team mat dran - an dat Team verbënnt sech dann iwwer Video mat den Experten am CHL."

Bannen e puer Sekonne wier déi virtuell Verbindung hiergestallt, fir op den Knowhow vun engem spezialiséierte Pediater kënnen zeréckzegräifen.