Falschmeldungen respect.lu: Kritesch bleiwen

Fake News a Verschwörungstheorië ronderëm den neie Coronavirus maachen den Ament hir Ronnen op de sozialen Netzwierker an op anere Plazen um Internet. Besonnesch elo, an enger Zäit, an där d'Leit net méi vill sozial Kontakter hunn an ëmsou méi am Internet ënnerwee wieren, wier et wichteg, sech net dovunner anhuelen ze loossen. Deen Appell mécht respect.lu, den Zentrum géint d'Radikaliséierung. Souwuel déi rietsextrem wéi déi lénksextrem Stréimungen an der Gesellschaft géifen d'Coronakris aktiv notzen, fir hir Messagen ze verbreeden, seet d'Direktesch vu respect.lu, Karin Weyer.

Paule Rodesch / cz

Karin Weyer
Karin Weyer ass d'Direktesch vu respect.lu

Lauschtert dat ganzt Gespréich mat der Karin Weyer vu respect.lu


respect.lu réit dozou, fir selwer aktiv positiv Messagen um Internet ze verbreeden, sou nach d'Karin Weyer. Och an der aktueller Situatioun géife vill positiv Saache geschéien an et misst een och deenen eng Plattform bidden. Fir an der Gesellschaft en nuancéierten Dialog ze kréien an och déi eege psychesch Stabilitéit ze garantéieren.

Méi zum Thema

Marc Stein
Corona-Kris

De Psycholog Marc Stein réit de Leit, sech selwer eng gewëss Disziplin opzëerleeën. Et kéint ee sech roueg zwee-, dräimol den Dag iwwer d'Corona-Kris informéieren. Duerno sollt ee bewosst ofschalten.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen