Radioen

On air

Notturno  |  M. Ward - Slow Driving Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Restaurantsouverture kéint zweet Well ausléisen

Corona-Pandemie

Restaurantsouverture kéint zweet Well ausléisen

D'Regierung huet 14 vun de 50 Zenarie verëffentlecht, déi d'Wëssenschaftler vun der Covid-19-Taskforce fir si ausgerechent huet, an déi si um Dësch hat, wéi si d'Decisiounen iwwer den Deconfinement geholl huet. Deemno géif eng Reouverture vum Horesca-Secteur - och mat Sécherheetsofstänn - eng zweet Infektiounswell ausléisen, déi de Gesondheetssystem net géif packen.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


D'Wëssenschaftler hunn en neie Basiszenario berechent, an deem d'Reouverture vun de Schoulen a vum Commerce berücksichtegt ass, esou wéi se Mëtt Abrëll ugekënnegt gouf. Dat heescht mat der Rentrée vum Secondaire dëse Méindeg a vum Fondamental de 25. Mee.

Deem Zenario no géif et am August zu enger liichter Hausse vun de Krankheetsfäll ginn, déi missten op der Intensivstatioun behandelt ginn. D'Zuel vun Doudege géif bis de Mee d'nächst Joer op iwwer 200 klammen.

Wa Besuch erlaabt ass

Doriwwer eraus gi verschidde Méiglechkeeten duerchgerechent, fir nees soziale Kontakt am Privaten zouzeloossen. Beispill: sechs Gäscht aus zwee verschiddene Stéit, déi eemol an der Woch géifen op Besuch kommen. An deem Fall kënnt et Enn August, Ufank September zu enger signifikanter Hausse vun iwwer 30 Patienten op den Intensivstatiounen a bis den nächste Mee géifen iwwer 400 Leit stierwen.

Géif eng Party doheem, mat zéng Gäscht erlaabt ginn, géifen Ufank September iwwer 60 Leit op den Intensivstatioune leien an an engem Joer wier de Bilan bei ronn 700 Doudegen.

Wann d'Restauranten opginn

Wann d'Restaurante géifen opgemaache mat der Konditioun, datt un engem Dësch just Leit aus dem nämmlechte Stot kéinte sëtzen, géif dat d'Zuel vun den Intensivpatienten am spéide Summer direkt op 40 bréngen, also un déi Limitt, déi de Gesondheetssystem den Aussoe vun der Ministerin Paulette Lenert no gutt kéint packen.

Wa Leit aus verschiddene Stéit kéinten am Restaurant zesummen iessen an zwee Meter Ofstand zu aneren Dëscher gehalen gëtt, géif d'Zuel vun Intensivpatienten no un 100 kommen, wat de Gesondheetssystem definitiv un d'Limitt géif bréngen.

Kombinéiert Zenarien

Eng Kombinatioun aus soziale Kontakter doheem - esou wéi se elo annoncéiert gouf, mat sechs Leit Besuch - an eng Ouverture vun de Restauranten, géif de Gesondheetssecteur de Simulatiounen no net packen. Um Pic vun der zweeter Well am Hierscht wieren dann däitlech méi wéi 100 Leit a Soins intensifs a bis nächste Mäerz géifen dausend Leit stierwen.

D'Fuerscher weisen drop hin, datt d'Kompositioun vum Besuch, jee no Stot, Alter a Vulnerabilitéit e groussen Impakt op den Verlaf vun der Pandemie wäert hunn.

Eng Kombinatioun aus sechs Leit Besuch an Treffen vun 20 Leit am Fräien, esou wéi d'Regierung et decidéiert huet, ass net simuléiert ginn. Wéi de warscheinleche Verlaf am dësem Zenario wäert sinn, ass also net kloer.