Corona-Pandemie Restriktioune bis de 15. Januar verlängert

Well d'Zuel vun den Neiinfektiounen net erofgeet, wäerten d'Restriktioune fir ee Mount bis de 15. Januar verlängert ginn. Et bleift bei den zwee Leit aus engem Stot, déi een doheem empfänke kann, och iwwer d'Chrëschtdeeg.

Jean-Claude Franck / cbi

Paulette Lenert a Xavier Bettel
D'Paulette Lenert an de Xavier Bettel. Foto: SIP / SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

Déi aktuell sanitär Mesuren, mat de puer Prezisiounen, déi derbäi kommen, solle gesetzlech verankert ginn a bis de 15. Januar a Kraaft bleiwen, esou de Premier.

D'Reegel vu maximal zwee Gäscht aus engem Stot soll nom 15. Dezember bestoe bleiwen. Et wier nach ëmmer d'Zil d'Kontakter ze limitéieren, och wann dat fir d'Bierger net méi einfach géif ginn.

Keng Ausname fir d'Feierdeeg

Idealerweis soll ee just bannent engem Stot feieren, seet d'Paulette Lenert iwwer d'Feierdeeg um Enn vum Joer. Et "ass net d'Zäit fir Lockerungen", seet dozou de Premier. Hie wéisst wéi schwéier et ass. Mee lo sollt ee verzichte fir Liewen ze retten.

Et bleift also och wärend de Feierdeeg dobäi, datt een dierf eng bis zwou Persoune bei sech heem invitéieren: zwou just, wa se aus dem selwechte Stot sinn.

Wärend der Chrëschtvakanz wieren och keng Campe fir Kanner erlaabt, a parascolaire Sportsaktivitéite wéi déi vun der LASEP wiere just nach bausse méiglech.

Caféen a Restaurante bleiwen zou

Et soll een doheem nach ëmmer "méiglechst" kee Besuch hunn, esou d'Paulette Lenert. Dofir géifen och d'Restauranten zoubleiwen, well de Kontakt um Dësch wier e Risiko, well een do ouni Mask géif matenee schwätzen, an da géif et eng Ustiechungsgefor ginn: "Ech encouragéieren eis all nach e weideren Effort ze maachen", seet d'Gesondheetsministerin.

Et wiere vill Leit gestuerwen, dat kéint een net banaliséieren. An och déi Jonk géifen drënner leiden. Dofir kéint elo jidderee mat engem klengen Effort dozou bäidroen, datt de Risiko limitéiert gëtt.

Nei Mesure: Verbueden z'iessen am Akafszenter

De Premier Xavier Bettel huet och eng nei Mesure ugekënnegt: an engem Akafszenter soll et an Zukunft verbuede sinn z'iessen. Et hätt ee gemierkt, datt an den Akafszentere sech Leit géife versammele fir do zesummen eppes z'iesse wat si am Take Away matgeholl hunn. Op zouene Plaze wier dat net sënnvoll.

An de Gäng vun den Akafszentere sollen an Zukunft d'Konzepter obligatoresch gi fir d'Beweegunge vun de Leit ze kontrolléieren, annoncéiert d'Gesondheetsministerin.

D'Situatioun wier nach ëmmer "eescht", esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP). Et kéint een haut nach net soen, datt d'"Tendenz no ënnen enclenchéiert" wier. Et wier "am Resumé keng gutt Ausgangspositioun" fir d'Feierdeeg a fir de Wanter.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen