Och wann d'Etüd nach net ganz ofgeschloss wier, wier et elo scho kloer, datt dës dräi Mesuren dee gréissten Impakt op d'Aschränkung vun der Covid-19-Pandemie hätt, erkläert de Bertrand Verheyden, ee vun den Auteuren a Chercheur beim LISER. Déi Plazen, wou vill Leit beienee kommen, wieren d'Haapttransmissiounskanäl.
Och d'Zoumaache vun der Aarbechtsplaz an d'Bleif-doheem-Strategie géif d'Verbreede vum Coronavirus limitéieren. Wann och net grad esou staark. Och Restriktiounen op der Aarbechtsplaz an an der Schoul géifen hëllefen, mee wiere manner effikass, esou de Fuerscher.
Keen Impakt hätten d'Chercheure fonnt, wat déi international Reeskontrollen, d'Zoumaache vum ëffentlechen Transport an d'Restriktiounen vun der Beweegungsfräiheet tëschent de Stied an de Regiounen ugeet.
Fir d'Etüd ze realiséieren hätten d'Chercheuren e Modell fir multipel Evenementer entwéckelt. Dëse Modell wier op 135 verschidde Länner mat hiren Differenzen ugewant ginn, heescht et an der Etüd, mam Zil, d'Mesurë géint d'Covid-19-Pandemie ze moossen.
D'Chercheuren hätten der Politik hir Etüd nach net presentéiert, esou de Bertrand Verheyden.