Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Get Well Soon - We Are Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Retour vum Faschismus?

Fräie Mikro

Retour vum Faschismus?

Et kënnt een denken, wann een Noriichte lauschtert, datt de Faschismus erëm zeréck ass. Vum Trump gouf scho virun e puer Joer gesot, hie wier e Faschist, an elo kommen och europäesch Parteien a Regierungscheffen an domat europäesch Länner an d'Viséier vu presséierte Kritiker. Esou berechtegt déi Kritiken och hirem Sënn no sinn, esou falsch ass et, alles wat inacceptabel ass, als Faschismus ze bezeechnen, mengt den Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli

Spéitstens zanter der Asselborn-Salvini Affär kënnt een den Androck kréien, datt d'Faschisten an Europa um Virmarsch sinn. Wann ee beim Wuert Faschist u rietsradikal a rietsextrem, a virun allem u rietspopulistesch Parteien denkt, ass dat net ofzestreiden.

Mee handelt et sech tatsächlech bei deenen Parteien ëm faschistesch Gruppéierungen a Mouvementer?

Fest steet, datt déi radikal Riets sech rassistesch, nationalistesch, antisemitesch, islamophob an allgemeng xenophob Programmer zu eege gemaach hunn. A richteg ass et och, datt faschistesch Symboler an Devisen dobäi och erëm opliewen. Dat mécht déi Parteien a Gruppéierungen besuergneserreegend geféierlech, besonnesch wann hir Wahlerfolleger an ëmmer méi Länner ëmmer méi grouss ginn.

Ze behaapten, datt dës Parteien, Gruppéierungen a Mouvementer net faschistesch sinn, leeft a kengem Fall dorop eraus, hir Xenophobie, hire Rassismus, hiren Antisemitismus asw. ofzestreiden oder esou guer kleng ze rieden.

An der falscher Faschismus-Debatt ukomm

Den George Orwell hat schonn 1944 déi bal komplett semantesch Ofnotzung vum Wuert Faschismus constatéiert. D'Gefor ass, esou den Orwell viru 74 Joer, dat "Faschismus" zum einfachen Schimpf-Wuert verkënnt fir alles, wat een iergendwéi schlecht fënnt. A genee do si mir an dëser falscher Faschismus-Debatt ukomm.

Wann een de Spezialiste vun der Fro gleewen däerf - wéi dem Emilio Gentile, dem Robert Paxton oder dem Enzo Traverso - dann entspriechen déi nei rietsradikal Parteie weder an hiren Positiounen, nach an hire Programmen dem klassesche Faschismus.

Et gi sécher Gemeinsamkeeten, mee et ginn och wesentlech Ënnerscheeder.

Wat huet sech geännert?

D'Komplexitéit vun dësen Differenzen ass net an e puer Sätz ze resuméieren. Dofir wëll ech stellvertriedend just e puer Aspekter eraushiewen.

De klassesche Faschismus vum 20. Joerhonnert, grad esou wéi de sowjetesche Kommunismus, war eng revolutionär Utopie, déi eng besser Welt an en neie Mënsch erschafe wollt, an dat mat de Mëttele vun allgemenger Mobiliséierung, militärescher Expansioun an totalitärer Herrschaft.

Déi nei Rietsradikal proposéiere keng Utopien. Si si just nach reaktionär: d. h. si wëllen zeréck zu enger imaginärer, fréierer, besserer Zäit. Et geet hei och net ëm militäresch Expansioun, mee ganz am Contraire ëm en nationalistescht Zeréckzéien hanner d'Grenze vun der eegener Souveränitéit. D'Rengheet vum eegene Vollek soll duerch d'Schléissung vun de Grenzen erhalen ginn, an net duerch d'weltwäit Ausrottung vun de Friemen.

Post-Faschismus?

Den Enzo Traverso proposéiert fir esou politesch Orientéierungen de Begrëff vum Post-Faschismus. Et gëtt zwar nach en Lien zum Faschismus, mee et ass och schonn eppes anescht: e Phenomen, dee sech politesch nach net ganz kristalliséiert huet, an deen am Moment illiberal, autoritär Demokratië viséiert; awer keen Totalitarismus.

Firwat sollt een esou Ënnerscheeder maachen an net einfach alles als Faschismus verdamen?

Well, bis op Weideres, dës Parteien an hir Vertrieder an Europa demokratesch vu Leit gewielt goufen. An déi Leit, déi esou Parteien wielen, si wuel kaum all Faschoen oder Nazien.

An d'Verständnis vun de Grënn, firwat esou vill Leit rietsradikal Parteie wielen, gëtt kaum doduerch verbessert, datt mir si all als Faschoen ofstempelen.

Wa mir dat maachen, dann operéiere mir mat der nämmlechter Polariséierung vun der Gesellschaft, déi déi Rietsradikal esou geféierlech fir d'Demokratie mécht.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.