Radioen

On air

De Weekend  |  Nick Lowe - Cruel to Be Kind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Confederation: Net de Moment fir manner Stonnen ze schaffen

Presentatioun vun de politesche Fuerderungen

Luxembourg Confederation: Net de Moment fir manner Stonnen ze schaffen

Luxembourg Confederation ass deen neien Numm vun der Confédératioun luxembourgeoise du commerce. Dat huet d'Carole Muller, Presidentin vun der Luxembourg Confederation, annoncéiert. Mat Bléck op d'Chamberwalen am Oktober huet si och déi politesch Fuerderunge vu der Organisatioun presentéiert, déi 1.800 Betriber aus de Secteuren Handel, Transport a Servicer vertrëtt. Beim vill diskutéierte Sujet Aarbechtszäitverkierzung huet d'Luxembourg Confederatioun eng kloer Positioun.

auto_stories

3 min

D'Carole Muller ass Presidentin vun der Luxembourg Confederation. (Foto: Ana Angel)

Den Emploi ass ee vun den Theemen, déi d'Luxembourg Conferderatioun an hirem Pabeier ugeet. D'Carole Muller, déi d'Handels-Organisatioun zanter dem Summer zejoert presidéiert, fënnt, datt et net de Moment wier, fir manner Stonnen an der Woch ze schaffen.

"An dann, wa mir héieren, datt verschidde politesch Acteuren och iwwer Reduktioun schwätze vun der Aarbechtszäit, ass dat ganz kloer eppes fir eis, wat net méiglech ass. Haut feelen eis Leit. Mir hunn net genuch Leit, déi haut do sinn, fir an de Entreprisen ze schaffen."

D'Aarbechtszäit wier och net just d'Zäit, déi een op der Schaff verbréngt, esou d'Carole Muller nach weider. Et wier och de Wee dohin an zréck, deen eng Roll géif spillen.

"Mee wann ech awer kucken, datt ech Employéen hunn, déi mir soen, viru puer Joer hunn ech 45 Minutte gebraucht fir dohinner a 45 Minutte fir zréck: dat war akzeptabel. Haut brauch ech annerhallwe Stonn fir dohinner an annerhallwe Stonn fir zréck."

Et wier also net onbedéngt d'Aarbechtszäit, déi de Problem ass, mee d'Mobilitéitszäit, seet d'Carole Muller.

Absenteismus als Problem

Iwwer déi lescht Méint hätt een an de Secteuren, déi d'Luxembourg Confederatioun vertrëtt, kënne feststellen, datt d'schaffend Leit ëmmer méi dacks op der Aarbecht feelen. Dat wier problematesch, seet d'Carole Muller.

"Den Absenteismus ass vill méi schlëmm ginn, wéi viru fënnef Joer. Also do huet déi Corona-Zäit iergendwéi eppes massiv geännert, datt déi taux d'absentéismen vill méi héich sinn."

Et misst een onbedéngt eppes géint den "absentéisme abusif" ënnerhuelen, esou d' Presidentin, an déi Leit, déi wierklech krank wieren, bei deene misst ee sech vu Fall zu Fall un déi spezifesch Situatioun upassen.

"Mir hunn haut einfach Gesetzer, déi ze vill 'one size fits all' sinn. Mir mussen haut op méi cas particulieren agoen. Verschidde Leit, déi wierklech déi Krankheeten hunn, déi ee ganz anere Kader brauche fir rëm unzefänke mat schaffen. Et ginn an awer och Leit, déi vläicht vum System abuséieren. Do muss ee soen, datt dat net akzeptabel ass."

Zuelen, wéi vill Leit reegelméisseg op hirer Aarbecht feelen, konnt d'Luxembourg Confederatioun net nennen. Et hätt een intern Etuden duerchgefouert, déi net géife publizéiert ginn, heescht et.

De Risiko vun enger deloyaler Konkurrenz

Eng weider Revendikatioun vu Luxembourg Confederation betrëfft déi europäesch Direktiven.

"Mir soen: rien que la directive - net méi. Ech mengen, do kann een d'Beispill huele vum Emballage-Gesetz, wou Lëtzebuerg vill méi wäit goe wëll."

D'Gefor géif haaptsächlech dora bestoen, datt d'Nopeschlänner net méi wéi d'Direktive géifen ënnerhuelen. Da kéint et zu deloyaler Konkurrenz kommen, esou d' Presidentin vun der Luxembourg Confederation nach weider.

Déi fréier CLC vertrëtt dräi ënnerschiddleche Secteuren: Déngschtleeschtung, Commerce an Transport. Jee no Secteur misste sou munch Reglementer ugepasst ginn, esou d' Carole Muller.

"Zu Lëtzebuerg ass leider - leider a Gott sei Dank - schnell op der Grenz. Also si mir vläicht méi konfrontéiert mat der Problematik, wéi aner europäesch Länner. Sou datt mir mengen, datt do onbedéngt misst eng Derogatioun komme fir Lëtzebuerg."

D'Luxembourg Confederation vertrëtt iwwregens 23 Memberverbänn.