Déi Walen a Palestina sollen den 22. Mee, respektiv den 31. Juli sinn. Den Ausseminister Jean Asselborn huet drun erënnert, datt een als EU zanter Joren drop gedréckt huet, fir Walen a Palestina ze organiséieren.
Angscht virun israeleschem Agräifen
Mee dem palestinenseschen Ausseminister Raid Malki no, hätt Israel deklaréiert, déi Wale verhënneren ze wëllen, virun allem zu Ost-Jerusalem: do géifen d'Kandidaten drun gehënnert, fir op Walversammlungen ze goen. D'Meetinge géifen ënnerbrach gi vun israelesche Sécherheetsleit a Kandidate géif festgehale ginn.
Dobäi fänkt d'Walcampagne eréischt den 30. Abrëll un. De Riad Malki fäert, datt Israel d'Kandidate vun de verschiddene Parteien - Hamas inclus - net wäert Campagne maache loossen zu Ost-Jerusalem an alles wäert maachen, fir d'Walen ze stéieren.
Déi palestinensesch Autoritéiten hunn dofir besonnesch vill Wal-Observateuren invitéiert. Mee Israel géif se net eraloossen. Dofir fuerdert de Riad Malki déi international Gemeinschaft op bei Israel ze intervenéieren.
De Jean Asselborn sot, hie géif mam israelesche Botschafter schwätzen. Hien géif sech nach gutt un d'Wale vun 2005 erënneren, esou den Ausseminister, wéi de Mahmoud Abbas gewielt gouf, an zanterhier um Pouvoir ass, well et keng Presidentewale méi goufen. An enger Demokratie géif een awer net fir 16 Joer un de Pouvoir gewielt:
"Dat ass net gutt an hie weess et an d'Palestinenser wëssen et. Déi jonk Leit a Palestina, déi brauch hiert Matsproocherecht a Participatioun, fir d'Demokratie an deem Land op en aneren Niveau ze hiewen. "
Wann déi Walen net kéinten duerchgefouert ginn, wier dat ganz schlecht fir de Friddensprozess am Mëttleren Osten, esou nach de Lëtzebuerger Ausseminister.