Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott Oracle - Cycling Through Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Richtegen a falsche Wuesstum

Chamberwahlen 2018

Richtegen a falsche Wuesstum

D'Wuesstumsdebatt huet besonnesch den Optakt vun der Wahlkampagne thematesch dominéiert. Dobäi huet sech séier erausgestallt: Trotz der affichéierter Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op Wuesstum verzichten. D'Polemik schéngt vill méi ee Symptom dofir ze sinn, datt de Parteien d'Iddie feelen an de Beräicher Logement, Mobilitéit, Integratioun an Nohaltegkeet eng aner Politik ze maachen.

auto_stories

3 min

Am ADR-Wahlprogramm kënnt d'Stéchwuert Wuesstem mat 43 Mentiounen am heefegste vir, bei de Pirate mat just engem Verweis am mannsten. Dertëscht leien déi gréng (26), LSAP (25), CSV (20), Konservativ (10), déi Lénk (8) a KPL (2). D'Piraten, d'KPL an déi Lénk problematiséieren de Wuesstum u sech net weider - bei deenen anere Parteie gesäit dat anescht aus.

Wéi eng Bedeitung gëtt dem Wuesstum zougeschriwwen?

D'Adjektiver, déi benotzt gi fir de Wuesstem ze beschreiwen, spigelen dat erëm. D'Wuesstumskritiker ADR an déi gréng benotze vill negativ Termen, wéi "rasant, iwwerhëtzt a blann" (déi gréng) oder "onmoosseg, onkontrolléiert an ongebremst" (ADR).

Amplaz fuerderen déi gréng een ëmweltverdréigleche Wuesstum an d'ADR ee "verantwortungsvolle" Wuesstum. Och CSV, DP an LSAP siche mam "qualitative Wuesstum" eng alternativ Terminologie.

Keng Partei mengt domadder, datt d'Wirtschaftsleeschtung, gemooss a Form vum Bruttoinlandprodukt (PIB), soll reduzéiert ginn. No den Termen Decroissance, Verzicht oder Genügsamkeet sicht een an de Wahlprogrammer ëmsoss. Am Géigendeel: All d'Parteie wëlle méi Wuesstem, fir de Wuelstand, d'Renten an de Sozialstaat ze finanzéieren.

déi gréng: Net vum Wuesstem ofhängeg sinn

Am grénge Wahlprogramm heescht et zum Beispill:

"Wir wollen das Land deshalb längerfristig aus der Abhängigkeit dieser Wachstumsspirale befreien ohne jedoch die Leistungsfähigkeit des Rentensystems zu beschneiden."

D'Wuesstumsskepsis gëtt generell domadder justifiéiert, datt eng Ekonomie, déi wiisst, Problemer schaaft: Stau, héich Logementspräisser, Ressourcëveverbrauch an Ëmweltverschmotzung gi genannt.

ADR: Nationalistesch Zich

Am ADR-Wahlprogramm hëlt d'Wuesstumskritik doriwwer eraus nationalistesch Zich un: D'ADR fuerdert eng Prioritéit fir Lëtzebuerger am Géigesaz zu auslännesche Betriber. D'Croissance soll de Leit ze gutt kommen, déi schonn hei schaffen a wunnen, anescht gesot net deenen, déi nach géife bäikommen. D'Angscht virun enger "Iwwerfriemung" gëtt explizit geäussert:

"Wa muer 700.000 Awunner am Land wunnen, mir iwwermuer zu méi wéi enger Millioun sinn, da stellen d'Lëtzebuerger nach knapps en Drëttel oder e Véierel vun der Bevëlkerung duer."

D'Parteie setzen op méi Produktivitéit, notamment duerch d'Digitaliséierung, fir negativ Impakter vun der Croissance ze reduzéieren. Wéi staark de Wuesstum vum Ressourcëveverbrauch oder dem Bedarf no méi Aarbechtsplaze kann oder soll "decoupléiert" ginn, bleift onkloer.

CSV: Rotlosegkeet

Zur allgemenger Rotlosegkeet passt dës Ausso am CSV-Wahlprogramm:

"Das Großherzogtum zählt aktuell 600.000 Einwohner, die Prognosen der Regierung gehen mittelfristig gar von bis zu 1,1 Millionen aus. Wie dieses Wachstum künftig bewältigt werden soll, weiß heute niemand."

De Bréifkëschtefirmen notraueren

Fir dem Ausseminister Jean Asselborn säi Bonmot iwwer dat klengt Lëtzebuerg ze beméien, dat sou vill Bréifkëschtefirmen huet, well net méi Plaz ass: Et kéint ee bal mengen, datt d'Parteien där Zäit notraueren, wéi d'Finanzplaz ongestéiert Milliardenzommen duerch de Grand-Duché konnt schleisen, ouni datt dofir reell ekonomesch Substanz néideg war. Dann ass d'Staatskeess gefëllt, mee et gi keng Aarbechtskräfte gebraucht, déi op abordabele Wunnraum oder ee gudden Transportsystem ugewise wieren, an och Bürosfläch kann ee spueren.

Déi Zäit ass eriwwer an d'Parteien di sech schwéier domat zouzeginn, datt de Laissez-faire an der Mobilitéits- a Logementspolitik deemno och keng Optioun méi ass. A fir eng Klimapolitik ze maachen, déi de wëssenschaftlechen Erkenntnisser Rechnung dréit, misst ee fräi no Adorno éischter zur Conclusioun kommen: Et gëtt kee richtege Wuesstum am falschen.