Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Good Fine Ok - Breathing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Richtung22-Ausstellung iwwer Kolonialgeschicht: Plainte zréckgezunn

Konscht

Richtung22-Ausstellung iwwer Kolonialgeschicht: Plainte zréckgezunn

D'Stater Buergermeeschter huet eng Plainte vun hirem Service Voirie géint de Stater Casino an dem Konschtkollektiv Richtung22 erëm zeréckzéie gelooss. Hannergrond ass eng Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Kolonialgeschicht. Richtung22 hat Stroosseschëlder déi un den europäesche Kolonialismus erënneren, ofmontéiert fir se an engem neie Kontext am Casino auszestellen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Lydie Polfer confirméiert op Nofro hin, datt de Stater Stroossen-Zerwiss gëschter eng Plainte bei der Stater Police agereecht hat, dat wéinst Vol vu Stroosseschëlder. Si selwer hätt awer vun der Plainte näischt gewosst an och dofir gesuergt datt se soll zeréckgezu ginn, sou d'Buergermeeschtesch weider. Si hat sech iwwerrascht gewisen, datt de Service Voirie d'Plainte deposéiert hat. De Konschtkollektiv Richtung22 hat d'Schëlder fir eng artistesch Interventioun ofmontéiert, a sech drop agestallt, datt eng Reaktioun komme géif, sou e Spriecher vu Richtung22. D'Kollektiv hat wuel mat Reaktioune gerechent, mee net direkt mat enger Plainte. "Mir hunn eis als Reaktioun eng Debatt erhofft, iwwer d'Mëttele vun der Konscht."

Rekontextualiséierung

D'Stater Buergermeeschter erkläert d'Annulatioun vun der Plainte domat, datt hirer Meenung no d'Schëlder am Numm vun der kënschterecher Fräiheet och kënnen am Musée hänken. Dozou seet e Spriecher vum Richtung 22:

"Et geet tatsächlech ëm d'Fro, ab wéi engem Moment ass e Konschtwierk e Konschtwierk? A wéi eng Wichtegkeet huet et, datt et an enger Ausstellung hänkt? Datt mir weise kënnen: Mir sinn net iwwer louche Weeër un déi Schëlder komm, fir se bei eis am Keller opzehänken, mee datt et drëm geet ze rekontextualiséieren."

Am Casino hänken déi aacht Strossesschëlder ënnert der Beschrëftung "Objets volées": Nimm vu Männer déi mam Kolonialismus verbonne si wéi Christopher Columbus oder och nach Jean-Pierre Pescatore, a Richard Coudenove-Kalergi. Dem Kënschtlerkollektiv no misste Stroossen ëmbenannt ginn, dat zu engem Moment wou d'Black Lives Matter Beweegung d'Debatt ronderëm de Rassismus an den europäesche Kolonialismus nei lancéiert huet.