Radioen

On air

De Moien  |  Baxter Dury - Prince Of Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ried zur Lag vun der Natioun: Wéineg nei Mesuren

État de la nation

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéineg nei Mesuren

De Mëtteg um 14h30 Auer huet de Premier Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen. Wéi eng nei Mesure goufen ugekënnegt, a wat sinn éischt parlamentaresch Reaktiounen? Den 100,7-Chefredakter mengt an enger éischter Analyse, d'Ried wier e klore Kommunikatiounsexercice gewiescht fir d'Aarbecht vun der Regierung ze luewen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Obligatoresch Photovoltaikanlagen op neie Konstruktiounen

An Zukunft solle Photovoltaikanlagen op der ganzer Daachfläch vun neie Konstruktiounen obligatoresch ginn. Donieft kënnen d'Leit dem Staat hier Daachfläch fir Solaranlagen zu Verfügung stellen.

Bei Leit, déi sech keng Photovoltaikanlag leeschte kënnen, wäert de Staat d'Käschten iwwerhuelen, esou de Premier. Nodeem de Staat d'Käschten iwwer d'Stroumproduktioun amortiséiert hätt, géif de Proprietär d'Anlag geschenkt kréien:

"Mir wäerten e Regëster schafen, op dee sech Proprietäre vun existéierende Gebaier androe kënne fir hiren Daach dem Staat zur Verfügung ze stellen. Dës Initiative wäert de Staat an enger éischter Phas vill Sue kaschten, mee ass mëttel- a laangfristeg käschtenneutral. D'Bierger profitéiere laangfristeg vun enger komplett finanzéierter Photovoltaik-Anlag, de Staat erreecht méi séier seng Klimaziler an d'Handwierk huet garantéiert Opträg a Previsibilitéit fir déi nächst Joren.

Den néidege gesetzleche Kader fir dës Photovoltaik-Initiative soll an den nächste Méint an den neien Energie- a Klimaplang gesat ginn.

Steieren a Logement

Bei de Steieren huet de Premier net ausgeschloss, datt d'Regierung nach virun den nächsten Chamberwale punktuell Steierreduktiounen bis an d'Mëttelschicht eran decidéiert. Gréisser Steierreduktioune wieren den Ament awer net dran:

"Mir kënnen a mir wëllen eise Steiersystem nach méi modern an nach méi gerecht maachen. Jo, mir brauchen och geziilt Steiererliichterungen, déi bis an d'Mëttelschicht era wierken. A jo, d'Regierung schafft u konkrete Steiermesuren."

Am Logement soll den Amortissement accéléré fir Investisseure weider limitéiert ginn. D'Unzuel, wéi dacks en Investisseur den Investment an eng Locatiounswunneng dierf vun de Steieren ofsetzen, soll op zwee Mol wärend fënnef Joer an engem Liewe limitéiert ginn.

Muer um Mëttwoch bei der Presentatioun vum Staatsbudget soll d'Finanzministesch Detailer zu de steierleche Mesure ginn.

Impfflicht, Cyberattacken a méi Personal fir d'Office-sociallen

Am Beräich vun der Santé huet de Premier eng national Impfflicht net ausgeschloss:

"Wéi versprach, huet d'Regierung d'Aarbechte fir d'Aféiere vun enger Impfflicht virugefouert, fir am Worst Case Zenario keng Zäit ze verléieren. De Staatsrot huet a sengem Avis Äntwerten op déi vill oppe juristesch Froe ginn an déi zoustänneg Chamberkommissioune kënnen elo op den Texter schaffen.

Eng weider nei Mesure gouf et, fir sech besser géint Cyberattacken ze schützen. Deemno soll de staatlechen Informatik-Noutdéngscht GovCERT een nationale Reseau vu Sonde bei de kriteschen Infrastrukturen installéieren esou de Xavier Bettel.

An da war et nach d'Annonce datt de Personalschlëssel fir d'Office-sociallen ëm 50 Prozent erop wäert goen.

Parlamentaresch Reaktiounen

Et wier net vill Neies an der Ried zur Lag vun der Natioun ze héiere gewiescht, dat war eng vun de Reaktiounen, déi et an der Chamber bei den Oppositiounsparteien CSV, Déi Lénk, Piraten an ADR ze héiere gouf. D'Regierungsmajoritéit gesäit dat natierlech anescht.

D'parlamentaresch Reaktioune lauschterenplay_arrow


An enger éischter Analyse direkt no der Ried zur Lag vun der Natioun, huet den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck am Gespréich mam Yves Stéphany gemengt, et wiere wéineg nei Annoncë gemaach ginn, de Xavier Bettel hätt sech bewosst als Premier duergestallt, deen de Klimawandel eescht hëlt, an d'Ried wier - ee Joer virun de Chamberwalen - e klore Kommunikatiounsexercice gewiescht fir d'Aarbecht vun der Regierung ze luewen.

Dem Jean-Claude Franck seng Analyse lauschterenplay_arrow