Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - Plakeg Feat. Momma Merlin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Risiken an Notzen

Chronik

Risiken an Notzen

Mat der Auswäertung vun de Lëtzebuerger Firmeregësteren hunn international Medie oppe geluecht, datt de Grand-Duché net ëmmer op der Héicht vu sengen Ambitiounen ass. Wien eng grouss Finanzplaz huet, muss sech och d'Moyene ginn dës ze kontrolléieren a wie seet, datt e keng Steieroas ass, dierf keng Bäihëllef zu aggressiver Steierplanung leeschten, mengt d'Pia Oppel.

auto_stories

3 min

Iwwer 140.000 Societéite sinn hei am Land immatrikuléiert. Wat d'Recherchë vum Monde, der Süddeutschen Zeiung, dem Soir oder och Transparency International weisen, ass engersäits, datt déi eigentlech Besëtzer vun deem Verméigen dacks net bekannt sinn - souguer wa se dem Gesetz no missten ermëttelt ginn.

Anere Constat: an e puer Fäll sinn d'Besëtzer Persounen, bei deenen een zweiwele kann, datt hir Suen aus legitimme Quelle kommen. Rieds geet vu Leit mat Lienen zu russeschen an italienesche Mafia-Organisatiounen, vu Waffenhändler, oder och indonesesche Palmueleg-Magnaten. Réischt nodeems d'Medien d'Regierung op dës Fäll opmierksam gemaach hunn, ass d'Cellule de Renseignement Financier mat enger Kontroll beoptraagt ginn.

Et feele Moyene fir d'Kontroll

D'OpenLux-Recherchë leeën de Fanger an d'Wonn: fir dës Mass vu Societéiten ze kontrolléiere feelen offensichtlech d'Moyenen. De Risiko vu Geldwäsch hei am Land ass un d'Gréisst vun der Finanzplaz gekoppelt, heescht et dozou an enger rezenter Evaluatioun vum Justizministère.

An där Evaluatioun gëtt och d'Roll vun Affekoten, Expertcomptabelen, Firmereviseuren an Notairen beliicht. Si hëllefen de Cliente fir Societéiten ze schafen, ze strukturéieren an ze domiciliéieren - a solle gläichzäiteg d'Identitéit vum Client an den Ursprong vun de Sue iwwerpréiwen. De Risiko, datt dat net ëmmer mat der néideger Suergfalt geschitt, ass der Evaluatioun no ginn. OpenLux schéngt dee Constat ze confirméieren.

Déi personell a legal Moyene fir géint de Risiko vu Geldwäsch virzegoe mussen also verbessert ginn, sou datt déi sougenannte "schwaarz Schof" besser kënnen detektéiert ginn. Mee lount sech den Opwand, fir dësen Deel vum Lëtzebuerger Geschäftsmodell oprecht ze erhalen - mat all senge Risike fir den Image vum Land?

Wat bréngt et, datt d'Angelina Jolie an de Brad Pitt hiert Schlass an der Provence iwwer eng Societéit zu Lëtzebuerg kënnen halen? Oder datt Entreprisen aus der ganzer Welt hir Steierlaascht iwwer Firmekonstrukter hei am Land kënne reduzéieren?

Risiken an Notze géinteneen ofweien

Datt et an dëser Saach net ëm Steieravantagë geet, wéi d'Regierung et duerstellt, ass schwéier ze gleewen. D'EU-Kommissioun kritiséiert ëmmer nees, datt de Lëtzebuerger Steiermodell zu aggressiver Steierplanifikatioun bäidréit. D'Regierung huet där Kritik an Tëschenzäit zum Deel Rechnung gedroen, mat engem neie Gesetz dat am Januar gestëmmt gouf. Wierklech behuewen ass de Problem domadder awer net.

Lëtzebuerg huet déi lescht Jore geléiert, datt et sech lount Risiken an Notzen ëmmer nees nei géinteneen ofzeweien. Weder d'Ofschafe vum Bankgeheimnis fir Net-Residenten, nach den automateschen Austausch vu Steierinformatiounen hunn der Wirtschaft geschuet. Am Réckbléck ass d'Regierung souguer houfreg iwwer hiren eegene "Courage".

Fräiwëlleg ass dat alles net geschitt: journalistesch Investigatiounen an Drock aus dem Ausland hunn déi Entwécklung mat ugedriwwen. Sou ass och d'Schafe vu méi transparente Firmeregësteren d'Resultat vum LuxLeaks-Skandal. Dës nei Transparenz huet hirersäits d'OpenLux-Revelatiounen erméiglecht. Et kéint ee bal mengen, datt de Fortschrëtt net opzehalen ass.