Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - Lump Sum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Risikoaschätzung zur brittescher Variant

Coronavirus

Risikoaschätzung zur brittescher Variant

Mëttlerweil gouf déi brittesch Variant vum SARS-2-Coronavirus hei am Land zwielef Mol detektéiert. Wa sech dee mutéierte Virus méi verbreet, da kéint et bannent den nächste Wochen zu enger staarker Hausse vun den Infektiounszuele kommen. D'Fallzuele kéinten dann nees op den Niveau vun Dezember oder souguer méi héich klammen. Déi Berechnung hu Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg gemaach.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Fir déi nei Prognose vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force goufen eng Rei Hypotheesen opgestallt, notamment datt déi brittesch Virus-Variant 50 Prozent méi ustiechend wier.

"Gesteigertes Ansteckungspotential"

Datt déi brittesch Variant méi ustiechend ass, gëllt als sécher.

Wéi vill méi ustiechend genau, do variéieren déi wëssenschaftlech Berechnungen nach, erkläert den Alexander Skupin vun der Uni Lëtzebuerg:

"Die Wahl auf die 50 Prozent ist hier erstmal ein optimistischere, beziehungsweise konservative, Annahme. Die ist darauf basiert, dass Studien aus England einen Wert von 56 Prozent abgeschätzt haben."

Mat de sozialen Interaktiounen an de sanitäre Mesuren, wéi se den Ament zu Lëtzebuerg sinn, ginn d'Fuerscher eigentlech fir déi nächst Woche vun enger weiderer Baisse vun den Infektiounszuelen aus.

Mee wann déi brittesch Variant bis méi present ass, da géife sech ënner den nämmlechte Konditioune méi Leit ustiechen, erkläert den Alexander Skupin. Méi strikt sanitär Restriktioune wieren da wuel inevitabel:

"Das kann man ganz klar sagen, weil in der momentanen Lage mit den sozialen Interaktionen haben wir gesehen, dass wir einen einigermaßen stabilen, abfallenden Trend haben. Aber mit dem gesteigerten Ansteckungspotential der englischen Variante sehen wir eben auch, dass das eben nicht mehr reichen würden. Da würden wir einen Anstieg der Fallzahlen sehen, auf den irgendwie reagiert werden müsste."

Vill Interaktioune och am klenge Krees kontraproduktiv

Konkret Handlungsrecommandatioune maachen d'Wëssenschaftler hei net. Et wier nach ëmmer schwiereg déi genau Wierksamkeet vun eenzelne sanitäre Mesuren z'evaluéieren, och well d'Leit jee no Kontext anescht ob déi eng oder aner Mesure reagéieren, betount den Alexander Skupin:

"Es gibt immer diese Ausweichhandlungen. Also: Wenn ich mich nicht mehr mit Freunden im Restaurant treffen kann, treffe ich mich zum Einkaufsbummel. Wenn der Einkaufsbummel auch nicht funktioniert, gehe ich jeden Abend zu einem anderen Freund Abendessen. Ohne also gegen die Maßnahmen zu verstoßen. Aber es ist also kontraproduktiv, wenn ich mich zwar an die Maßnahmen, aber dann immer das Maximum davon ausschöpfe."

De Fuerscher betount, datt d'Modellisatiounen eng Risikoaschätzung sinn. Ee Changement am Verhale vun de Leit oder och nei politesch Decisioune kënnen de Verlaf vun der Pandemie beaflossen.

Wann d'Leit méi géifen interagéieren, zum Beispill wéi nach am Oktober wou d'Caféen a Restauranten op waren, da géif déi nächst Infektiounswell nach méi grouss ginn, ewéi déi vun Dezember, esou d'Berechnunge vun der Task Force.

Efforten, fir d'Variant fréi ze ënnerbannen

Eng aner wichteg Variabel ass, ob et geléngt fir bei Infektioune mat der brittescher Variant ee besonnesch effikasse Contact Tracing ze maachen, fir dës Infektiounskette séier z'ënnerbriechen, esou den Alexander Skupin:

"Wir haben den Vorteil, verglichen mit dem UK, dass wir gewarnt sind. Wir wissen um den Ernst der Lage. Das heißt wir werden jetzt besonders auf die Fallzahlen schielen und uns auch insbesondere auf die englische Variante konzentrieren."

An deem Kontext spillen d'Efforte vum Staatslabo eng wichteg Roll fir den Iwwerbléck ze behalen. Hei gi vill Virus-Genome sequenzéiert, fir déi brittesch Variant bei engem méiglechst groussen Undeel vun de positive PCR-Tester ze detektéieren.

Och bei der Iwwerwaachung vun der Viruspresenz am Ofwaasser, ka spezifesch no der brittescher Variant gesicht ginn.

Dat kéint fir den Ament awer aus verschiddene Grënn net systematesch geschéien, erkläert de Luxembourg Institute of Science and Technology op Nofro hin. Eenzel Echantillone géifen awer zesumme mam LNS analyséiert ginn.