Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Risikogebitt: Frust an der Groussregioun

Lëtzebuerg als Risikogebitt

Risikogebitt: Frust an der Groussregioun

D'Europäesch Unioun huet nach ëmmer keng eenheetlech Reegelung fir d'Ausweise vu Corona-Risikogebitter. Enn September ass Lëtzebuerg fir déi zweete Kéier vun Däitschland als Risikogebitt aklasséiert ginn. D'Areesaschränkungen - fir déi mëttlerweil nees eng Rei Ausname gëllen - suerge fir Frust a Veronsécherung an de Grenzgemengen.

auto_stories

3 min

Zanter e puer Deeg gëllt de Grand-Duché wéinst de ville Corona-Infektiounen an Däitschland nees als Risikogebitt. Obwuel et keng Aschränkunge ginn, wann een aus Däitschland fir ee kuerzen Openthalt op Lëtzebuerg wëllt reesen, schreckt d'Etikett vum Risikogebitt of.

De Claude Weber ass Gerant vun enger Epicerie zu Waasserbëlleg an huet direkt gemierkt, datt de Grenzverkéier agebrach ass. Et géifen zwar nach Leit aus dem Raum Tréier kommen, Leit vu méi wäit wéi Wittlich, Koblenz a Köln "do leeft hei guer näischt méi", zielt hien. Vill hätten der Angscht, de Claude Weber hätt ville Leit um Telefon misste soen, datt se komme kënnen. Wa se awer net misste kommen, huet hien de Leit geroden doheem ze bleiwen.

E wirtschaftlechen Impakt op d'Groussregioun

Fir d'Arees vu Lëtzebuerg an d'Saarland oder a Rheinland-Pflaz gëllt mëttlerweil eng Ausnam: wann ee sech manner wéi 24 Stonnen op der anerer Säit vun der Grenz ophält, brauch ee keen negative Corona-Test virzeweisen an et muss een och net a Quarantän.

De Réckgang vum Grenzverkéier huet direkt ekonomesch Konsequenzen. De Buergermeeschter vun der Gemeng Laser Rheinhold Thiel zielt, datt Clientë "richteg massiv" feelen. Hie geet och dovunner aus, datt et zu Tréier net anescht ass.

Erënnerungen un d'Vergaangenheet

Mee déi nei Presenz vun de Grenzen huet net just Konsequenze fir de Commerce. Et ginn och Erënnerungen un d'Vergaangenheet waakreg, notamment un den Zweete Weltkrich. Eng eeler Damm, déi zu Waasserbëlleg an der Epicerie hir Akeef mécht, spillt indirekt dorobber un. Wéi d'Grenze virun e puer Wochen déi éischte Kéier zougaange sinn, goufen et och scho Kontrollen. "Déi stoungen do mat de Gewierer. Dat war allerhand, dat hunn ech schlëmm fonnt."

Och de Jérome Laurent, Buergermeeschter vu Mäertert, verweist op d'Vergaangenheet, déi elo nees méi present ass. D'Grenze sinn, anescht wéi gewinnt, net méi op. Eppes, woufir fréier gekämpft ginn ass. "Et sinn och Leit, déi Familljememberen op engem Kierfecht leien hunn, op deene béide Säiten."

Kritik un der EU

Déi politesch Responsabel an de Grenzgemenge sinn enttäuscht, datt déi spezifesch Situatioun vun de staark vernetzte Grenzregiounen net méi staark consideréiert gëtt - an datt eng europäesch Koordinatioun weider feelt. Europa misst eng eenheetlech Léisung oder en eenheetleche Bewäertungssystem opstellen, dee fair wier a Villes Rechnung dréit.

Fir de Jérôme Laurent ass den europäesche Gedanke fir mat enger Stëmm ze schwätzen an der Pandemie verluer gaangen. Et géife keng Léisunge vun der EU kommen an et géif och keng Eenheetlechkeet an der ganzer Corona-Kris ginn.

"Fir mech war bis elo Europa inexistent an der Corona-Kris. Ech muss och soe vun der dätscher EU-Kommissiounspresidentin huet een an der ganzer Corona-Kris nach näischt héieren."

Eng eenheetlech Meenung an der Groussregioun

Op der däitscher Säit gesäit dat de Buergermeeschter Rheinhold Thiel et d'selwecht: den Europäesche Gedanke wier an der Regioun entstanen, mee et géif een an den Haaptstied net wouergeholl ginn. Et misst ee sech engagéiere fir erëm eng eenheetlech Meenung an der Regioun ze hunn.

Trotz den Enttäuschungen iwwer den Impakt vun der Corona-Pandemie op d'Grenzregioun bleift de Jérome Laurent awer bei sengen Iwwerzeegungen:

"Ech ënnersträichen, an ech mengen do kann ech och am Numm vun de Kolleege schwätzen: mir sinn Europäer a mir halen um europäesche Gedanke fest."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.