Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ritualer am 21. Joerhonnert? Jo, dat dierf een!

Fräie Mikro

Ritualer am 21. Joerhonnert? Jo, dat dierf een!

Am Fräie Mikro luet de Bob Reuter, President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker, eis an iwwer Ritualer am 21. Joerhonnert, hir Funktioun a Bedeitung nozedenken, wisou mer net op se verzichten ze brauchen a se weiderentwéckelen an un d'Bedierfnesser vun eiser Zäit upassen dierfen.

auto_stories

4 min

De Bob Reuter ass President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker. Foto: Archiv

Liewe bedeit Verännerung. Mënschlecht Liewen ass voller Transitiounen: Gebuert, Kandheet, Jugend, Erwuessenenalter, Ufänke mat schaffen, Eltere ginn, d'Kanner déi d'Haus verloossen, an d'Pensioun goen, a "last-but-not least" den Doud.

Ritualer als Iwwergang

Dës Verännerunge bréngen ëmmer Onsécherheet an Angscht mat sech a ginn awer och nei Méiglechkeeten a Chancen. Fir déi dacks fléissend Iwwergäng vun deem engen an deen anere Liewensofschnëtt symbolesch a gesellschaftlech ze verdäitlechen an eis bewosst ze maachen, sinn et zu allen Zäite bestëmmte Ritualer ginn.

Bezeechnend fir Ritualer ass, datt se engersäits eng gewëss Stabilitéit weisen, déi selwecht Saache ginn esou oder ganz änlech widderholl an awer anerersäits och, datt se sech de permanent verännerende Liewensrealitéite vun de Mënschen aus verschiddene Kulturen an Epochen ugepasst hunn.

Doduerch strukturéiere se d'mënschlecht Verhalen an erfëllen dat mënschlecht Bedierfnes no Sécherheet, Orientéierung, Gebuergenheet, Zougehéiregkeet a sozialer Identitéit.

Sënn ginn a Muecht ausüben

Ritualer hunn och ëmmer eppes Ambivalentes, well se - op där enger Säit - eis als Individuum hëllefe Sënn ze schafen, an eis ee Gefill vu Kontroll a "Verortung" ginn. Doriwwer eraus hëllefe se eis eis verbonnen ze fille mat eppes, wat eis als Eenzelen depasséiert, mat eppes méi Groussem.

Dobäi besteet - op där anerer Säit - natierlech ëmmer och d'Gefor, datt mer eis vun Anere manipuléieren an instrumentaliséiere loossen, datt d'Ritual vum Grupp oder vun de Mächtegen am Grupp benotzt a genotzt gëtt fir Muecht iwwer eis auszeüben. Dofir ass eng gewëss Portioun Skepsis vis-à-vis vu Ritualer bestëmmt kee Feeler, besonnesch wa vun eis verlaangt gëtt onkritesch eist Recht op Autonomie a Selbstbestëmmung zeréckzestellen.

Et ginn Alternativen

An enger Zäit, wou ëmmer manner Mënsche sech am reliéise Glawen erëmfannen, empfannen ëmmer méi Léit besonnesch reliéis Ritualer als onpassend oder souguer stéierend a verstéierend.

Eventuell hale si weider un esou Ritualer fest, well si net wëssen, datt et Alternative gëtt, respektiv ee se erfanne kann an dierf. Ritualer schéngen ëmmer e bëssi figéiert a virgeschriwwen, mee och si goufen ëmmer schonns ugepasst a verännert.

Oder si mengen, datt Ritualer ëmmer reliéiser Natur wieren a wëllen dofir näischt mat Ritualer ze dinn hunn oder loosse sech ariede Ritualer, déi net reliéis wieren, wieren ee bëllegen Ersatz fir reliéis Ritualer.

Ritualer demonstréiere Verännerungen

Dat ass awer net wouer. Ritualer gehéieren zu eis Mënschen, well se eis erlaben an eisem Liewe Punkten ze setzen, an eis deene Verännerungen an eisem Liewe bewosst ze stellen. Ritualer sollen eis Mënschen déngen an net mir de Ritualer.

Natierlech hu Ritualer ëmmer och eng kollektiv Dimensioun. Aner Mënsche ginn "Zeien" vun der Verännerung, déi mer duerchmaachen an doduerch gëtt eis nei Roll zu enger sozialer Realitéit.

Natierlech kann ee Ritualer kritesch vis-à-vis stoen, besonnesch wann ee se als iwwergrëffeg empfënnt, oder wa se keng Bedeitung fir ee selwer hunn.

Ech géif hei awer gären dofir plaidéieren, datt mer d'Kand net mam Buedwaasser ausschëdden, a Ritualer als dat erkennen, wat se sinn, eppes wat hëllefe kann eis urmënschlech Bedierfnesser ze erfëllen, awer och eppes, wat vu Mënsche gemaach ass an dofir och vu Mënschen däerf a soll mat Liewe gefëllt ginn.

De Mënsch am Mëttelpunkt

Dofir denken ech, datt et legitim ass fir humanistesch Ritualer a Zeremonien ze erfannen oder weiderzeentwéckelen a se deene Mënschen unzebidden, déi mat reliéise Ritualer näischt ufänke kënnen.

Hei steet de Mënsch am Zentrum, net iergendeng Gottheet. Hei kënne mir matwierken a selwer entscheeden, wéi mir déi wichteg Momenter am Liewe ritualiséiere wëllen. Ob dat ganz bescheiden a schlicht ass oder méi extrovertéiert a pompös. Dat Wichtegst ass, datt et bei eis passt. An et ginn och ëmmer méi Leit, déi op dës Offer zeréckgräifen.

An déi, déi weider wëlle reliéis Ritualer an Zeremonië matmaachen, kréien duerch dës zousätzlech Offer jo och näischt ewechgeholl.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.