Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Garcia: déi gréng sinn "ze eenheetlech"

Riicht Eraus

Robert Garcia: déi gréng sinn "ze eenheetlech"

De fréiere gréngen Deputéierten Robert Garcia géif sech méi Diskussiounen an der Partei wënschen. Hie plädéiert dofir, datt parteino Stëftungen méi eng grouss Roll iwwerhuelen.

auto_stories

2 min

"Freier hu mir eis d'Käpp ageschloen, an elo schloe mir eis d'Käpp guer net méi an", esou de Robert Garcia. De Grënnungsmember vun der Partei seet, et géif hie "stéieren", datt d'Partei haut "ze vill eenheetlech" ass.

Hie schwätzt sech dofir aus, datt d'Stëftung, déi der Partei nosteet, méi dacks Iddien an d'Gespréich bréngt. An Däitschland oder an der Belsch wier dat schonn de Fall, esou de Robert Garcia: "Dat sinn esou Think Tanken. An da kann een zum Beispill Fuerderungen, wéi eng 24- oder 32-Stonnewoch opgräifen."

De Virdeel vun esou engem Modell wier, datt d'Stëftung och méi ëmstridden "Theesen an d'Debatt ka bréngen", ouni datt dës Iddien direkt als Fuerderunge vun der ganzer Partei ugesi ginn.

Trennung tëschent Regierungspolitik a laangfristege Perspektiven

Och de Mobilitéits- a Verdeedegungsminister François Bausch seet, et wier wichteg, datt een "eng Trennung mécht innerhalb vun der Partei, tëschent der alldeeglecher Realpolitik, déi een an der Regierung muss maachen, an deem, wat an der Partei kann a soll diskutéiert gi fir méi laangfristeg Perspektiven opzemaachen."

Nieft der grénger Stëftung, kéint och d'Partei selwer Diskussiounen zu verschiddenen Themen ustoussen, esou de Minister. Hie kéint sech zum Beispill virstellen, datt d'Partei Experten invitéiert fir ze thematiséieren, wéi eng ethesch Reegelen an Zukunft an deem Beräich solle gëllen. Dat wier en Thema, wat am Moment zu Lëtzebuerg "komplett onkritesch gekuckt gëtt", esou de François Bausch.