Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Habeck: Bei de "gudden" Autokraten

Däitschland

Robert Habeck: Bei de "gudden" Autokraten

Däitschland wiert sech weiderhin géint en Import-Stopp vu russeschem Gas an Ueleg. Fir d'Ofhängegkeet vu Russland ze reduzéieren, war de Wirtschaftsminister Robert Habeck lescht Woch op Akafstour am Katar - wat der däitscher Ëffentlechkeet net gefall huet. D'Meenungen hu sech allerdéngs geännert, och wéinst der Kommunikatioun vum grénge Vizekanzler.

auto_stories

3 min

De Robert Habeck war nach net an de Fliger a Richtung Katar geklommen, du gouf d'Kritik um grénge Wirtschaftsminister a Vizekanzler schonn haart.

Den Haaptvirworf: Fir energieonofhängeg vu Russland ze ginn, géif de Robert Habeck et elo drop uleeën, ofhängeg vun engem anere Staat mat zweiwelhafter Bilanz ze ginn.

"Vun engem Autokrat bei dee nächsten?", huet d'Tagesschau gefrot. An de Spiegel huet geschriwwen: Den Habeck shoppt bei fragwürdege Partner.

Op de soziale Medien huet sech en änlecht Bild gewisen: D'Bundesregierung wier heuchleresch, se wéilt d'Leit veräppelen, de Robert Habeck géif virum nächsten autokratesche Regime op d'Knéie falen.

De Minister erkläert sech

Dunn huet de Robert Habeck selwer ugefaangen seng Rees ze rechtfäerdegen. An engem Video um Twitter-Konto vum däitsche Wirtschaftsministère erkläert de Robert Habeck, wéi hien op senger Rees Theeme wéi de Klimaschutz an d'Mënscherechter ugeschwat hätt.

Doropshin huet sech déi ëffentlech Diskussioun an Däitschland verännert. Datt de Robert Habeck déi grouss Fragezeichen, déi iwwer engem Gas-Deal mat Katar stinn, sou géif benennen a kommunizéieren, wier eng positiv Verännerung vum politesche Stil.

A jo, et ass schwéier virstellbar, datt eng CDU/CSU-Minister:in virun e puer Joer esou e Statement ofginn hätt. Gläichzäiteg dierf een net vergiessen, datt et natierlech PR ass - mat engem ganz bestëmmten Zweck.

Feeler ëffentlech zouginn an novollzéibar kommunizéieren

Mee: Virun der Bundestagswal am vergaangene Joer waren ëfters Zweiwel um Robert Habeck opkomm. Wéinst inhaltleche Wackelegkeeten, jo, mee och wéinst senger Aart a Weis ze schwätzen, Feeler zouzeginn - a mat Zweiwel ëmzegoen. Dacks huet et geheescht: Sou mécht ee keng Spëtzepolitiker.

Säin Trip op Katar - an d'Reaktioune virun a no senge Statements - hu gewisen, datt et vläicht guer net sou schlecht ass, novollzéibar ze kommunizéieren. Nom Motto: Just well ech Vizekanzler sinn, heescht net, datt ech mer net komesch virkommen, mam nächsten autokratesche Staat ze verhandelen.

Däitschland ënner Drock

Domat ass de Robert Habeck eben och de komplette Géigendeel vum Bundeskanzler Olaf Scholz, dee weiderhin en Importstopp vu Russeschem Gas ausschléisst.

Den Drock op Däitschland wiisst dowéinst, souwuel ënner de G7, wéi och op EU-Niveau. Momentan bezitt Däitschland nach 55 Prozent vu sengem Gas aus Russland, wéinst laangfristege Kontrakter an der wirtschaftlecher Situatioun am Land ass e séieren Exit laut Bundesregierung net gewollt.

Leschte Freideg huet den däitsche Wirtschaftsministère matgedeelt, datt d'Land mat allen Efforte fréistens am Summer 2024 onofhängeg vu russeschem Gas kéint ginn - Deals mat Katar hin oder hier.

Mat senger Kommunikatioun, datt och hien sech mat engem Deal mat Katar net ganz wuel spiert, huet de Robert Habeck et awer gepackt, säi Gesiicht an der däitscher Ëffentlechkeet ze halen.