Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Vautard: "Urgent Reduktiounen, soss ass et ze spéit"

IPCC-Rapport

Robert Vautard: "Urgent Reduktiounen, soss ass et ze spéit"

D'Konsequenze vun der Äerderwiermung si weltwäit ze observéieren - dat dokumentéiert de Weltklimarapport an engem neie Rapport, deen haut presentéiert gouf.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Hëtztwellen an Dréchenten, grad ewéi extrem staarke Reen sinn op ville Plaze méi heefeg ginn. D'Ozeaner si méi waarm ginn, de Mieresspigel klëmmt, Permafrost, Gletscher an d'Äisdecke vun der Arktis schmëlzen. All dës Phenomener géifen an den nächste Joerzéngten ëmsou méi extrem ginn, wat d'Zäregasemissioune weider klammen.

Staark Reduktioune sinn néideg

Fir katastrophal Konsequenzen ze evitéieren, gëllt d'Limite vun annerhallwem bis maximal zwee Grad Äerderwiermung dem neie Rapport no weiderhin als wëssenschaftlech begrënnt. De Message vum Rapport ass deemno kloer: d'Emissioune mussen elo séier a staark reduzéiert ginn. De franséische Klimafuerscher Robert Vautard ass ee vun den Auteure vum Rapport an ënnersträicht, datt et séier eng staark Reduktioun vun den Emissioune braucht, wann d'Äerderwiermung op 1,5 Grad Celsius soll limitéiert ginn.

Wat d'Temperature méi klammen, wat d'Frequenz an d'Stäerkt vun extreme Wiederphenomener weltwäit wäert zouhuelen. Schonn am 2-Grad-Zenario wieren déi méiglech Konsequenzen däitlech méi schwéier, esou de Robert Vautard: vill méi Regioune géife vun Dréchente betraff. Den Ënnerscheed vun enger Äerderwiermung vun 1,5 Grad Celsius an deem vun 2 Grad Celsius hätt e groussen Impakt op de Klima, esou de Fuerscher.

Hëtztwellen an extremen Nidderschlag an Europa

An Europa misst een ënner anerem mat Hëtztwellen an Iwwerschwemmunge rechnen: extremen Nidderschlag géif warscheinlech méi heefeg ginn. Et wier och mat méi Dréchent ze rechnen, wat en Impakt op d'Ekosystemer an d'Landwirtschaft huet.

D'Temperature klammen op der Nordhallefkugel, a besonnesch an der Arktis méi staark ewéi am globalen Duerchschnëtt. Mam Resultat, datt souguer am optimisteschsten Zenario d'Äisdecken um Nordpol iwwer de Summer zäitweis komplett verschwënnt: schonn 2050 wier et méiglech, datt et um Arkteschen Ozean am September nom Summer scho keen Äis méi gëtt.

D'Erkenntnis vum neien Evaluatiounsrapport sinn ee wëssenschaftlech a politesch etabléierte Konsens - d'Evaluatiounsrapporte vum Weltklimarot ginn zwar vu Wëssenschaftler geschriwwen, ginn awer mat der Zoustëmmung vun den UNO-Memberlänner publizéiert.