Radioen

On air

De Moien  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Viraussetzunge fir Vertraue schafen

Medien

D'Viraussetzunge fir Vertraue schafen

Virum Hannergrond vun der Affär "RTL-Lunghi" mécht den Direkter vun der "Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel" déi hei Analys: D'Iwwerdroe vun ëffentleche Missioune un ee privaten Acteur wier net gläichzesetze mat engem "Service Public" am eigentleche Sënn, esou de Romain Kohn.

auto_stories

3 min

D'Medienautoritéit ALIA huet wéinst dem ëmstriddenen Interview mam fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi an der Emissioun "Den Nol op de Kapp" e "Blâme" géint d’RTL Télé Lëtzebuerg ausgeschwat. D'ALIA kënnt zur Conclusioun, datt d'Biller aus dem Interview manipuléiert gi wären. RTL hätt doduerch géint säin eegene Cahier des Charges verstouss.

An hirer Decisioun stellt d'ALIA fest, datt am diffuséierte Reportage eng Realitéit vermëttelt gi wär, déi et net géing ginn. Dem Romain Kohn no géingen 30 Sekonnen am Reportage feelen an d'Biller an den Toun wären net synchron ausgespillt ginn. Dat hätt fir de Spectateur zu enger falscher Impressioun gefouert. Dofir hätt d'ALIA RTL eng Ruge ausgeschwat.

D'Sophie Schramm, déi den Interview gemaach huet, ass net vun der ALIA gehéiert ginn. D'Autoritéit hätt net déi néideg Instruktiounsméiglechkeeten, fir enger Saach op déi Manéier nozegoen, erkläert den ALIA-Direkter. Zeie misste géigeniwwer der ALIA net ënner Eed aussoen. Beim Regierungskommissär, deen d'Enquête am Kader vun der Disziplinarprozedur gemaach hätt, wär dat anescht.

Eng Medienautoritéit ouni Pouvoir?

D'ALIA huet sech an dësem Fall selwer saiséiert. Gewéinlech wier dat net de Fall, seet de Romain Kohn. Drëttpersoune géinge sech un d'Autoritéit wennen, wa se ee Problem bei engem Sender mat Lëtzebuerger Lizenz feststellen. Doropshin da géing d'Autoritéit aktiv ginn. D'ALIA géing sech net a Froe vun Deontologie an inhaltlecher Qualitéit amëschen.

Am Fall RTL-Lunghi awer wär an der Press vun enger Manipulatioun vu Biller geschwat ginn. Dowéinst hätt d'ALIA de Fall ënnersicht. "Mir hunn de Wee fonnt vum Respekt vum Cahier des Charges", erkläert de Romain Kohn. Do géing drastoen, datt d’Qualitéit vun de Programmer geséchert misst sinn. Toun a Biller dierften net esou manipuléiert ginn, datt se vun der ursprénglecher Ausso ofwäichen.

E "Service public" fir Lëtzebuerg

Hei am Land géing et kee wierkleche Service public ginn, esou de Romain Kohn: "Wann ee gäre gudde Journalismus hätt, da muss een ëffentlech Suen drastiechen". Fir de Romain Kohn bedeit "Service public", datt ee kann dorobber vertrauen, datt dat, wat ee gesäit, och der Realitéit entsprécht. "Jiddereen huet Recht op seng eege Meenung, awer net op seng eege Fakten".

Aus enger mediewëssenschaftlecher Perspektiv géing et am Grand-Duché eigentlech guer kee "Service public" ginn, mee just Missioune vu "Service public". De wichtegsten Deel wär nämlech d'Réckkopplung un d'Gesellschaft. Et kann een och net einfach en "Outsourcing" vu Programmer un eng privat Gesellschaft maachen, seet den ALIA-Direkter.

Réckkopplung un d'Gesellschaft géing heeschen, datt een eng Onofhängegkeet vun der Wirtschaft, der Politik an dem Staat hätt. Dat kéint erreecht ginn duerch e Verwaltungsrot zesummegesat vun de sougenannte "Forces vives de la Nation" (Parteien, Kierchen, Gewerkschaften, ONGen). Dem Romain Kohn no kéint esou e Verwaltungsrot dofir suergen, datt déi grouss Linne vum Programmoptrag agehale ginn.

Ëffentlech-rechtleche Radio

E richtege Service public misst och dem Parlament Rechenschaft ofleeën. Dat wär zu Lëtzebuerg net de Fall. An deem Sënn ass dem Romain Kohn no och de radio 100,7 kee Service public. Vum Programm hir kéint een dat awer ouni Weideres soen. Woubäi dat awer am Gesetz vum radio 100,7 net esou géing stoen.

Dem Romain Kohn no misst d'Gesetz aus dem Joer 1991 iwwer déi elektronesch Medie komplett nei geschriwwe ginn, fir et un déi heiteg Zäit unzepassen. Zil vun deem Gesetz misst d'Opklärung vun de Bierger sinn, fir eng lieweg Demokratie z'erméiglechen. Als Gesellschaft misst ee sech dem ALIA-Direkter no och d'Fro stellen: "Wat wëlle mir eis d'Medie kaschte loossen zu Lëtzebuerg?".