Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Schneider: An der zweeter Rei jonke Politiker hëllefen

Méigleche Réckzuch als Minister

Romain Schneider: An der zweeter Rei jonke Politiker hëllefen

De Sozialminister Romain Schneider weess nach net, ob hie bis un d'Enn vun der Legislaturperiod Minister bleift, oder sech virdru schonn aus der Regierung zeréck zitt.

auto_stories

1 min

De Romain Schneider wier am gaangen dat mat sech, senger Famill, a senger Partei ze klären, sou den LSAP-Politiker am 100,7-Interview. Grond fir säin annoncéierte Réckzuch wier weder Frust nach Sträit, sou de Romain Schneider.

Datt hien 2023 net nach eemol untriede wéilt, hätt hie souwisou scho viru laanger Zäit gesot, mee hie kéint sech awer virstellen "an enger zweeter oder drëtter Rei" aktiv ze sinn, seet de Romain Schneider.

Fir den LSAP-Politiker ass et wichteg fir jonke Politiker ze hëllefen, "esou wéi ech d'Chance hat, datt ech ee Mentor hat". De Romain Schneider wëllt esou deene méi jonke Politiker hëllefen a seng Experienz weiderginn.