Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 10.000 Leit benotzen "Carsharing" Servicer zu Lëtzebuerg

Flex a Car'Loh

Ronn 10.000 Leit benotzen "Carsharing" Servicer zu Lëtzebuerg

Carsharing versprécht vill Virdeeler: En Auto hu wann een ee brauch, mee wann ee keen Auto brauch muss een och keng Fixkäschte wéi beispillsweis Assurancen oder Parkplazen droen. Wéi sinn d'Carsharing Servicer hei am Land iwwer déi lescht Jore gewuess? A wéi eng Zukunftspläng huet de Mobilitéitsministère fir dëse Beräich?

auto_stories

4 min

Zu Lëtzebuerg bidden Car'Loh a Flex Carsharing Servicer un. Foto: www.flex.lu

Carsharing wier eng Investitioun an d'Zukunft. Dovun ass den Direkter vu Flex, de Jürgen Berg, iwwerzeegt.

Lauschterenplay_arrow


Flex: Abonnentenzuelen an zwee Joer verdräifacht

D'Abonnentenzuele vum Flex Carsharing-Service vun der CFL hätte sech an de leschten zwee Joer op haut méi wéi 9.000 Benotzer verdräifacht - dat wier eng massiv Entwécklung, fënnt de Jürgen Berg.

Zanter Flex lancéiert gouf, ginn et queesch duerch d'Land mat 60 Statiounen och dräi Mol méi wéi ufangs. 110 Flex-Gefierer sinn am Asaz an 30 weiderer wiere bestallt, erkläert de Flex-Direkter.

D'Auslaaschtung géif vun der Plaz an der Zäit ofhänken, esou nach de Jürgen Berg.

Car'Loh: Abonnentenzuel klëmmt konstant

Och beim Car'Loh, dem Service vun der Stad Lëtzebuerg, géif d'Zuel vun neien Abonnente linear a konstant klammen, stellt de Car'Loh-Direkter Patrick Hein fest.

Bei Car'Loh géif sech d'Demande weekends dann och verduebelen.

Um Territoire vun der Stad si 35 Car'Loh-Gefierer op 19 Statioune verdeelt, preziséiert de Patrick Hein: Weider 5 Statiounen an 10 Autoen si bis Enn vum Joer geplangt. D'Car'Loh-Flott soll awer bis op 52 Gefierer wuessen.

Carsharing als Zousaz zum Privat-Auto

Vun den 900 Car'Loh-Abonnente wieren dräi Véierel sougenannt Expats. Et géif een zu Lëtzebuerg nach vill um Privatauto hänken, mengt den Direkter Patrick Hein.

Verschidde Clienten déi ee Car'Loh Abonement hätten, géife villäicht just ee mol am Mount oder heiansdo just all zwee oder dräi Méint een Auto léinen. Dëst géing doru leien, datt de Service als ee "back up" par Rapport zu engem private Gefier benotzt gëtt.

Dëst wier an anere Länner wéi der Belge, Holland oder Däitschland komplett anescht, esou de Car'Loh-Direkter:

"Dans les grandes villes de ces pays-là il y a énormément d'habitants qui n'ont plus du tout de véhicule. Chose qui reste relativement rare encore ici à Luxembourg."

Offer muss siichtbar an zougänglech sinn

De Jürgen Berg, Direkter vu Flex, mengt datt fir de Carsharing zu Lëtzebuerg ze etabléieren, et dat Wichtegst wier fir d'Offer ze schafen. D'Leit missten d'Sécherheet hunn datt wann si een Auto iergendwou brauchen, datt si deen Auto och fanne kënnen:

"[...] an dat hëlt e bëssen Zäit. An do mierke mir datt de Succès, soen ech mol, zäitverzögert kënnt. Awer et rullt an et rullt ganz gutt."

D'Wichtegkeet vun der Offer ënnersträicht och de Sam Jycoby, dee beim Mobilitéitsministère schafft: Fir datt Carsharing iwwerhaapt funktionéiert, misst een och a Wunnquartieren an a Zone d'Activitéeën eran. D'Offer misst visibel sinn: "wierklech gutt siichtbar, gutt zougänglech [...], gutt erreechbar".

Zukunftspläng: Gesetzleche Kader a "Mobility Hubs"

Well Carsharing am ëffentleche Raum den Ament net reglementéiert wier, géif am Mobilitéitsministère un engem Rechtskader geschafft gi fir beispillsweis bilateral Kontrakter tëschent enger Gemeng an engem Operateur ze erlaben, erkläert de Sam Jacoby aus dem Mobilitéitsministère

Vun dësem gesetzleche Kader erwaarde sech béid Responsabel vu Flex a Car'Loh e weideren Opschwong vun der Carsharing-Mobilitéit.

Doriwwer eraus erkläert de Sam Jacoby och, datt grouss Ambitioune vun den nächste Jore wäerte sinn d'Carsharing Servicer an d'Planification urbaine a rurale eranzebréngen. Esou misst ee "Mobility Hubs" an nei awer och existent Wunnquartieren erabréngen, fir datt déi Offer iwwerhaapt emol do wier.

De Sam Jacoby ënnersträicht och nach, datt et net Zil wier den Auto aus der privater Mobilitéit ze verdrängen. Zil wier et d'Leit souwäit ze bréngen sech ze iwwerleeën ob se en Zweet- oder Drëttauto an hirem Stot iwwerhaapt bräichten.