Neien Accord-cadre Ronn 23 Millioune fir sechs ONGen

Ufanks Januar hu sechs Lëtzebuerger ONGen ee Kaderaccord mam Kooperatiounsministère ënnerschriwwen. Dat sinn Organisatiounen, déi sech an der Entwécklungshëllef engagéieren, an déi och schonn eng gewëss Erfahrung an deem Beräich hunn. Mam Kaderaccord ginn d'ONGen elo mat ronn 22,7 Milliounen Euro vum Ministère ënnerstëtzt.

Betty Gillen / cz

Development aid
Foto: Bigstock / Visoot

Mat der Reform vum Co-Finanzement an der Entwécklungshëllef hu sech fir d'ONGen eng Partie Saache geännert. Am ale System goufe Projeten a sougenannte "Pays les moins avancés", kuerz PMA an an de Lëtzebuerger Partnerlänner zu 75 Prozent vum Staat finanzéiert. Dat si Länner wéi zum Beispill Burkina Faso, Niger oder Senegal.

An de Schwellelänner an Net-Partnerlänner war d'Hëllef vum Staat 66 Prozent. Dëse System huet sech elo op den éischte Januar geännert.

Vun deene sechs ONGen, déi am Januar den Accord-cadre ënnerschriwwen hunn, haten der dräi Stéck virdru schonn sou een Accord. Dat sinn d'Guiden a Scoute fir eng Welt, Frères des Hommes Luxembourg an Handicap International Luxembourg. Fir de Martin Lagneau, Direkter vun Handicap International bedeiten déi nei Konditiounen, zousätzlech Contraintë fir d'ONGen. Dofir géif ee sech bäi Handicap International Lëtzebuerg elo éischter op déi manner entwéckelt Länner konzentréieren. Hei géif ee sech op internationalem Niveau ofschwätzen, fir datt aner Deeler vun der Organisatioun sech méi staark an de Schwellelänner engagéieren.

Verlässleche Partner kruzial

Och bei Action pour un Monde Uni, enger vun den ONGen, déi elo fir d'éischte Kéier ënnert engem Kaderaccord fonctionnéiert, konzentréiert ee sech elo méi staark op déi manner entwéckelt Länner, seet de Claude Metz, President vun der AMU.

D'Wiel vum Partner wier kruzial. Dofir hätt een och bei dësem Kaderaccord d'Unzuel vu Partner wëlle reduzéieren. Dat hätt um Ufank e bësse wéi gedoen, well ee net méi mat all Partner aus de leschte Joren hätt kënnen zesumme schaffen. Et wéilt ee Succès hu bei dësem éischten Kaderaccord an dofir hätt ee sech op eng Rei Partner beschränkt, op déi ee sech kéint verloossen.

Trotzdeem wier d'Aarbecht an de Schwellelänner ëmmer nach wichteg, well et do dacks ee groussen Ënnerscheed tëscht aarm a räich gëtt, sou de Claude Metz.

Lëtzebuerg kann net déi ganz Welt retten

De Manuel Tonnar, Direkter am Kooperatiounsministère relativéiert dës Aschränkung vun den ONGen op d'PMAen. Dat wier de fräie Choix vun den ONGen. Eng ONG kéint an deene Länner schaffen, an deene se wéilt. Wann d'ONG ee Co-Finanzement vum Staat wéilt, da misst se sech awer un d'Strategien an d'Virgabe vum Staat halen. De Ministère géif probéieren, fir d'Donen dohin ze ginn, wou d'Besoinen am gréisste wieren. D'Hëllef soll op e puer Länner limitéiert sinn. Lëtzebuerg kéint net déi ganz Welt retten.

Déi verschidden Aktivitéite vun den ONGen am Kaderaccord gesinn ënnert anerem d'Verbesserung vun der Qualitéit vum Drénkwaasser oder den Developpement rural vir. Aner Aspekter si Formatioune fir d'Personal a Spideeler oder eng besser Educatioun.

Wat d'Ëmsetze vun dëse Programmer ugeet, ass et an engem Kaderaccord ganz anescht wéi am System vum Co-Finanzement, seet de Claude Metz vun der Action pour un Monde Uni. Mat engem Co-Finanzement schafft eng ONG op separate Projeten. Am Kaderaccord géif ee sech miessbar Zieler setzen. Beispillsweis e Renforcement vun de Capacitéiten. D'Approche géif op Resultater baséieren. Dobäi géif ee net méi Projet fir Projet schaffen, mee op verschiddenen Theme parallel.

Méi global Analyse

Bäi Handicap International huet een och verschidde Programmer, bei deenen et op déi allgemeng Resultater zum Schluss vum Kaderaccord am Joer 2022 ukënnt. De Ministère géif kontrolléieren, of d'ONG d'Situatioun vun handicapéierte Persounen nohalteg géif verbesseren. Virdrun hätt de Ministère éischter déi eenzel Projeten am Detail analyséiert. Et hätt een deemno méi Flexibilitéit, et wier een awer och méi enk u Resultater gebonnen.

Fir déi verschidde Programmer ëmzesetze schaffen d'ONGen op der Plaz vill mat lokalen Acteuren. Ee vun der Problemer um Terrain wier, datt de Partner zwar wéisst wat e brauch, mee net wéi e sech soll uleeën, seet de Claude Metz. Dowéinst sollen déi lokal Capacitéite gestäerkt ginn Et hätt ee probéiert Reseauen opzebauen. Souwuel tëscht de Länner, an deenen een an Afrika géif schaffen, wéi tëscht verschiddene südamerikanesche Länner.

Duerch dës Kollaboratioun soll och den Impakt op der Plaz méi grouss ginn, sou de Claude Metz. Dobäi wier virun allem wichteg, wat ee bei der AMU d'"Culture du don" nennt. Lëtzebuerg kéint dëse Länner Savoir-faire oder Sue bréngen, oder hinnen hëllefe Projeten ze realiséieren.

"Mä wat mir vun hinnen zeréck kréien, wa mir op d'Plaz ginn, dat ass eppes wat mir hei guer net méi hunn. Mol erëm Rou an eppes erabréngen, d'Famill erëm méi respektéieren, sech méi Zäit fir Kollegen oder fir al Leit huelen. Dat si jo alles Saachen, déi ginn an deene Länner vill méi aktiv gelieft."

An deene Länner, an deenen Entwécklungshëllef geleescht gëtt, hätt et kee Wäert, fir just Fabricken ze bauen, mengt de Claude Metz. Et géif drëm goen, de Leit an hirer Organisatioun ze hëllefen, fir datt een am Idealfall keng ONGe méi brauch. Dofir misst een awer och politesch aktiv ginn.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Beatrix Niser an Nayla Ajaltouni
Mënscherechter an Ëmwelt

ONGe fuerdere verflichtend gesetzlech Norme fir multinational Entreprisen. Déi Firme solle fir Sozial- an Ëmweltschied opkommen. Och zu Lëtzebuerg, fannen d'Aktivistinne Beatrix Niser an Nayla Ajaltouni.

Armand Dews
Cercle des ONG

De President vum Cercle des ONG de Développement fuerdert méi Koherenz an de Beräicher Handel, Ëmwelt a Klimaschutz. De Kofinanzement vun 80 Prozent soll fir méi Organisatiounen zougänglech sinn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen