Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 30 % vun de Stierffäll sinn an Altersheemer geschitt

An de leschten 3 Wochen

Ronn 30 % vun de Stierffäll sinn an Altersheemer geschitt

An de leschten dräi Woche wier een Drëttel vun de Covid-19-Stierffall an den Alters- oder Fleegeheemer geschitt. Dat deelt de Gesondheetsministère op Nofro hi mat.

auto_stories

1 min

Deemno wieren 30 vun den 91 Persounen, déi zanter dem 25. Oktober mat oder u Covid-19 gestuerwe sinn, an de Strukture gestuerwen. Ronn zwee Drëttel, also 59 Leit wieren an de Spideeler gestuerwen. 19 dovunner wieren aus den Alters- a Fleegeheemer komm.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer géif bei ronn 84 Joer leien, heescht et an der Statistik vum Ministère, mee et wieren och zwou Persounen ënner 60 Joer u Covid-19 gestuerwen. An de leschten dräi Woche wiere virop Fraen un der Krankheet gestuerwen, dat mat knapp 53 Prozent.