Radioen

On air

Notturno  |  Shabason, Krgovich & Harris - I Don't See The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rou an den Dossier bréngen"

Blannenheem

"Rou an den Dossier bréngen"

"Rou an den Dossier bréngen", dat ass d'Haaptmissioun vum Christian Erang, dee viru gutt zéng Deeg den Interim an der Direktioun vum Blannenheem zu Rolleng iwwerholl huet. Nodeems eng Rei Bewunner Reprochë géint den deemolegen Direkter Jean-Paul Grün formuléiert haten, huet deen d'Haus doropshi misste verloossen. Dem Christian Erang no hätt déi fréier Direktioun net transparent an offensiv genuch wärend der Kris kommunizéiert. Déi vill Rumeuren an der Press wieren awer net fondéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / New Africa

Zil wier elo den Deconfinement virunzedreiwen an d'Bewunner, d'Famillen an d'Personal all kennenzeléieren, esou den Interimsdirekter am 100,7 Interview.

De Confinement hätt d'Schwächte vun der fréierer Direktioun verstäerkt, esou de Christian Erang. Vun enger sanitärer Kris wier et zu enger Kommunikatiounskris komm. "Ech denken datt d'Kommunikatioun an der Kris net déi optimaalst war mat de Famillen.

Och d'Zesummenaarbecht mam Jean-Paul Grün, deen e Freideg ophält, wier gutt gewiescht. Bis Enn dës Joers wëllt de Christian Erang Rou an d'Blannenheem kréien. Ugefaange mam Deconfinement.

"Fir méiglech Kollateralschied ze vermeiden sote mir, mir géifen d'Haus esou séier wéi méiglech deconfinéieren. Wat sécherlech vill Famillen a Bewunner a Personal frou gemaach huet. D. h. mir hunn zum Beispill fir Mammendag enge 40 Leit konnten erméiglechen, datt si bei hir Famill heem ginn."

Een aneren Aspekt wier de Kontakt mat de Famillen. D'nächst Woch wiere véier Renconteren am Mierscher Kulturhaus organiséiert.

Dat géif de Famillen d'Méiglechkeet ginn, datt si der Direktioun hir Doleancë kënne matdeelen. "An den Echange ass mir immens wichteg. Et brauch och vill Zäit bis ech mech am Haus a bei de Famille virgestallt hunn", esou de Christian Erang.

Nieft den Awunner an de Famille wëllt de Christian Erang sech och ëm d'Personal këmmeren, dat wärend der Kris eng gutt Aarbecht geleescht hätt an och ënner den Onrouen am Blannenheem gelidden hätt.