Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - Porcelain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rou an Transparenz"

Recteur Uni Lëtzebuerg

"Rou an Transparenz"

Den Héichschoulminister Marc Hansen geet dovun aus, datt de Stéphane Pallage dee Beschten ass, fir d'Rektorat vun der Uni Lëtzebuerg z'iwwerhuelen. D'Nominatioun vum belschen Ekonomist gouf de sechsten Oktober am Regierungsrot ugeholl. De Stéphane Pallage ass awer net onëmstridden.

auto_stories

2 min

De belschen Ekonomist Stéphane Pallage ass aktuell Doyen vum Management Departement op der Universitéit vum Québec zu Montreal. Hei géif hie vun Aarbechtskollegen een autoritäre Féierungsstil virgeheit kréien, esou de "Journal de Montreal" an engem Artikel vum Mäerz d'lescht Joer. De Marc Hansen äntwert, hie géif dovun ausgoen, datt de Stéphane Pallage dee Beschte wier, fir d'Rektorat vun der Uni Lëtzebuerg z'iwwerhuelen. Et hätte vill Leit de Rekrutement begleet.

"Déi de Mann gesinn hunn, déi hien ageschat hunn, déi Leit hunn dat mengen ech mat der néideger Rou a gewëssenhafter Approche gemaach."

D'Propositioun wier um Enn vun enger laanger an intensiver Rekrutementsprozedur gemaach ginn.

Kandidat dem Conseil Universitaire net mat Zäit bekannt?

De Conseil de Gouvernance vun der Uni huet de Stéphane Pallage als Kandidat proposéiert. De Conseil Universitaire, an deem nieft dem Rektorat, och d'Fakultéiten an d'Fuerschungsunitéite vertruede sinn, huet der Nominatioun an engem consultativen Avis zougestëmmt.

De Conseil Universitaire soll eisen Informatiounen no allerdéngs eréischt gëschter aus der Press gewuer gi sinn, wien de Kandidat fir de Rektorat-Poste wier. Dozou seet de Marc Hansen:

"Ech kréien eng Propositioun vum Conseil de gouvernance mat engem positiven Avis vum Conseil universitaire. Wat d'Interna ugeet, zu wéi engem Moment wéi een Acteur mat wiem iwwer wat geschwat huet: Dat sinn intern Decisioune vun der Universitéit."

Hie géif dovun ausgoen, datt de Stéphane Pollage vun allen Instanze gréng Luucht kritt hätt, esou nach de Marc Hansen. Hie verweist op d'Propositioun vum Conseil de gouvernance an de positiven Avis vum Conseil universitaire.

Finanziell Planung

De Stéphane Pallage iwwerhëlt d'Successioun vum Rainer Klump, deen am Mee an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen zréckgetruede war. "Den neie Recteur weess och Bescheed, datt déi do Situatioun do war." Hie géif dovun ausgoen, datt de Stéphane Pallage sech a seng Equippe géif organiséieren, fir déi finanziell Planung mat "der néideger Rou an Transparenz" opzestellen. D'Uni hätt an de leschte Méint an dësem Beräich scho vill Efforte gemaach, esou nach den Héichschoulminister.

Wat d'Ausriichtung vun der Universitéit betrëfft, seet de Marc Hansen, datt déi net duerch den neie Recteur bestëmmt géif ginn. De Stéphane Pallage misst kucken, datt dat, wat vu ville Gremien ausgeschafft géif ginn, och ëmgesat gëtt.

Dem Stéphane Pallage säi Mandat fänkt den éischte Januar un. De Vize-Recteur Ludwig Neyses, deen zënter Mee Interims-Recteur ass, leed bis dohin d'Dagesgeschäft vun der Uni.