Virun engem Joer war de Peegelstand zu Rouspert-Mompech esou héich wéi nach ni, an d'Héichwaasser huet immens vill Schued ugeriicht.
Bilan vum Schued
D'Waassermassen hu vill Infrastrukture vun der Gemeng beschiedegt, esou de Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech, de Romain Osweiler:
"Sechs Kilometer Feldweeër, 400 Meter Baachen hu missen nees fräi geluecht ginn, déi net méi an hirem Bett waren. D'Trottoire hu misse gefléckt ginn."
D'Héichwaasser huet zwou Kläranlage futti gemaach, do wär ee Schued vun 600.000 Euro entstanen. Och d'Elektrizitéitswierk vun der Gemeng wäert bis Enn dëst Joer net méi a Betrib geholl kënne ginn.
E Groussdeel vum Schued hätt d'Gemeng vum Inneministère rembourséiert kritt. Op privater Säit summéiert sech de Schued op 4,2 Milliounen Euro.
Mee dat ass nach net alles: Fir déi staark beschiedegt schoulesch Infrastrukturen zu Rouspert, Mompech a Buer ze erweideren a renovéiere wieren 42 Milliounen Euro néideg.
Preventioune fir d'Zukunft
Eng Moossnam géint d'Héichwaasser ass d'Upassung vum PAG. D'Wunnfläch vun Haiser déi no beim Waasser stinn, soll op den éischte Stack verluecht ginn.
Dat ass och de Fall beim Ingvi Halldorsson: Dem Gemengeconseiller säin Haus zu Steenem gouf eréischt am Mäerz fäerdeg renovéiert. Elo géif een nach alles no uewe verleeën:
"Mir sinn amgaangen d'Haus anescht ëmzebaue fir dass ënnen nëmmen nach déi basic Saachen dra sinn an dass mir d'Haus elo no uewen opbauen. Dat ass eis Preventioun."
De Buergermeeschter begréisst déi digital Léisunge wéi Appe fir d'Leit ze warnen. Et wéilt een awer och mat analoge Mëttele schaffen. Sou wéilt een un der Sauer Markéierungen opstelle fir de Leit besser ze weisen, wat en héije Peegelstand fir d'Uertschaft bedeit.