Lëtzebuerger Presselandschaft Rout Zuele fir Editpress

De Mediegrupp Editpress huet d'lescht Joer mat enger Perte vun 1,12 Milliounen Euro ofgeschloss. De Grupp konnt seng Scholden ëm ronn zwou Milliounen Euro op alles an allem 15,8 Millioune reduzéieren.

Michèle Sinner / cbi

Editpress
Editpress gëtt ënner anerem d'Tageblatt an de Quotidien eraus. De Jeudi gouf dëst Joer zougemaach

Dës Zuele ginn aus dem Bilan ervir, deen d'Mammenhaus vun der Dageszeitung Tageblatt viru Kuerzem beim Firmeregëster ofginn huet. Virun zwee Méint huet Editpress seng franséisch Wochenzeitung Le Jeudi agestallt - allerdéngs goung et och anere Publikatiounen, un deenen Editpress bedeelegt ass, d'lescht Joer net ganz gutt. Sou huet beispillsweis d'Revue trotz Spuermesuren eng Perte vu 526.000 Euro gemaach. Lumedia, d'Firma, déi d'Dageszeitung Le Quotidien erausgëtt, huet eng Perte vu 75.000 Euro gemaach a weist kumuléiert Pertë vun iwwer siwe Milliounen Euro aus.

D'Scholde vun Editpress reduzéieren

An sengem Rapport de gestion schreift den Direkter vun Editpress, Jean-Lou Siweck, d'Fermeture vum Le Jeudi wier Deel vu méi breeden Efforte fir d'Scholde vum Grupp ze reduzéieren, notamment duerch d'Vente vu Bedeelegungen an Immobiliewäerter.

An deem Kontext géif och driwwer nogeduecht, fir en neie Siège nieft d'Dréckerei an d'Industriezon Sommet ze bauen. Doduerch géif - wat net am Bilan steet - de Siège an der Kanalstrooss fräi ginn. D'lescht Joer hat d'Duechtergesellschaft vum Grupp Comed hiert Gebai op der Route d'Esch an der Stad verkaf, wouduerch si dem Mammenhaus eng virgezunnen Dividend vun 2,8 Milliounen Euro konnt iwwerweisen, ouni déi d'Perte nach méi grouss gewiescht wier.

No der Fermeture vum Jeudi sot de Jean-Lou Siweck um radio 100,7, bei den aneren Titele vum Grupp misst drop opgepasst ginn datt d'Käschten a Relatioun si mat de Revenuen, wat e permanent Upasse bedeite géif. Mam Jeudi wier d'Zeitung mam klengste Lektorat zougemaach ginn. Déi aner Zeitungen, déi Editpress erausgëtt, wiere wäit ewech vun den nidderege Lecteurszuele vum Jeudi.


De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren

Méi zum Thema

Matthias Kirsch Kommentar
Kommentar

Déi lescht Editioun vum "Jeudi" ass geprint. Dat ass schued, mee et war z'erwaarden. A vläicht ass et och eng Chance, mengt de Matthias Kirsch an engem Kommentar.

Jean-Lou Siweck
Medien

Dësen Donneschdeg kënnt déi lescht Editioun vu "Le Jeudi" eraus. D'Fro hätt zanter engem Joer ëmmer erëm am Raum gestanen, well d'Zeitung defizitär ass, esou de Generaldirekter vun Editpress.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen