Radioen

On air

Notturno  |  Haley Heynderickx & Max García Conover - How Does The Horse Go Home?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roy Reding: "Gambia geet a Richtung Singapur"

Riicht eraus

Roy Reding: "Gambia geet a Richtung Singapur"

Den ADR-Politiker warnt virun enger "Politik vum ongehemmte Wuesstum". D'Zuelen aus der neier STATEC-Projektioun a Saache Logement wieren d'Resultat vun der Politik vun der leschter a vun dëser Regierung, seet de Roy Reding. Wann däitlech méi Wunnengen hei am Land géife gebaut ginn, da géif dat dozou féieren, datt méi Héichhaiser entstinn, esou den Oppositiouns-Politiker.





auto_stories

3 min

Den ADR-Deputéierte Roy Reding

"Gambia geet a Richtung Singapur", sou d'Warnung vum Roy Reding an der Emissioun Riicht eraus. Wann däitlech méi Wunnengen hei am Land géife gebaut ginn, da géif dat dozou féieren, datt méi Héichhaiser entstinn, esou de Politiker. Den ADR-Deputéierten huet op déi nei Projektioune vum STATEC reagéiert, déi soen, datt jee no Croissance bis 2060 bis zu 7.500 Logementer pro Joer zousätzlech hei am Land géife gebraucht ginn.

Iwwerrascht hätten dës Zuelen hien net, well si wieren d'Resultater vun der Politik vun der leschter a vun dëser Regierung, vun enger "Politik vum ongehemmte Wuesstum", wéi de Roy Reding betount huet.

Singapur ass ee vun de Staate mat der weltwäit héchster Populatiounsdensitéit: a Singapur hunn 2017 34 mol sou vill Awunner op engem Quadratmeter gewunnt wéi a Lëtzebuerg.

"Wa méi Wunnengen, dann och méi Infrastrukturausgaben"

Wa méi Wunnenge gebaut ginn, da wieren och zousätzlech Schoulen, Kläranlagen a Stroossen néideg, huet den ADR-Deputéierten a Stater Gemengeconseiller Roy Reding an eiser Emissioun erkläert. "Do hänkt jo e ganze Rateschwanz vun Infrastrukturen drun an et muss een ëmmer soen, mir hunn haut schonn e Rise-Retard. An all déi Projeten, déi elo an der Chamber gestëmmt ginn, wou Gambia 2 sech jo bal bretzt mat hirem riseg groussen Investissement an d'Infrastrukturen, dat ass just mol fir de Retard. A wa mir déi dote Politik viruféieren, da brauche mir nach eng Kéier duebel sou vill, da musse mir nach vill méi Scholde maachen, da musse mir nach vill méi wuessen."

Roy Reding: gläich net méi Affekot

De Roy Reding hält an den nächsten Deeg als Affekot op: dat huet den ADR-Politiker a Riicht eraus confirméiert. Seng Etüd, déi hien 1993 gegrënnt hat, wier scho liquidéiert.

Ugekënnegt hat den Deputéierten a Stater Gemengeconseiller dëse Schrack am Januar dëst Joer, no engem Bréif-Echange mat der Procureure générale d'Etat Martine Solovieff an dem Roy Reding senger Kritik, datt d'Justiz de Medie bei Perquisitiounen oder Inculpatioune systematesch Informatioune géif ginn.

Net méi Affekot ze sinn, géif him d'Onofhängegkeet gi fir schreiwen a soen ze kënnen, wat néideg ass, ouni berufflech Konsequenze mussen ze fäerten, präziséiert de Roy Reding. Et hätt Fäll ginn, an deenen hien Uerteeler kritt hätt, déi "net esou gefällt gi wieren, a mengen Aen, an dat soen ech elo ganz offen a ganz riicht eraus, wann net ech den Affekot gewiescht wier. E Beispill: wann eng Persoun, géint déi näischt gefrot gëtt, an déi och net condamnéiert gëtt, an déi gëtt dann awer condamnéiert zu enger Indemnité de procédure."

De Roy Reding ass zanter 2013 Deputéierten an der Chamber an zanter 2017 Member am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Virun 2006 war hie ronn 25 Joer laang Member vun der LSAP.