Medien RT DE: Lëtzebuerg erkläert sech fir net zoustänneg

De russesche Staatssender RT kritt 100,7-Informatiounen no hei am Land keng Autorisatioun fir een däitschsproochegen Tëleesprogramm per Astra-Satellit ze diffuséieren. Déi däitsch Autoritéite wieren zoustänneg, esou d'Argument.

Pia Oppel

Exklusiv RT (ancien Russia Today)
Foto: picture alliance / NurPhoto

"TV-Novosti" mat Sëtz zu Moskau hat den 15. Juni 2021 eng Demande beim Lëtzebuerger "Service des Médias" gemaach, fir als Sender aus engem Drëttstaat den däitschsproochegen Tëleesprogramm "RT DE" iwwer Satellit an der EU kënnen ze verbreeden.

Siège a Personal zu Berlin

Déi Lëtzebuerger Autoritéiten erkläre sech elo an hirer Äntwert fir net zoustänneg, a verweisen déi Responsabel vun RT weider: D'Demande fir eng Sendelizenz misst bei der zoustänneger däitscher Autoritéit gemaach ginn, nämlech der "Medienanstalt Berlin-Brandenburg".

Dat géif d'EU-Direktiv iwwer déi audio-visuell Medienservicer esou virgesinn, well de Fournisseur vun deem audiovisuellen Zerwiss säi Siège a seng Employéen an Däitschland hätt, heescht et an der Decisioun vum "Service des Médias" am Staatsministère. D'Decisioun, déi haut um 13. August geholl gouf, läit dem radio 100,7 vir.

De Service des Médias berifft sech a sengem Schreiwes och nach op déi "loyal Cooperatioun" tëscht den EU-Memberlänner, wéi se am Traité iwwer d'Europäesch Unioun virgesi wier. An op d'"nécessité d'éviter des résultats contradictoires et de celle d'assurer l'application cohérente de la directive SMA, consacrées par celle-ci ainsi que du principe de confiance mutuelle."

Ee Recours virum Verwaltungsgeriicht ass bannent engem Delai vun dräi Méint méiglech, heescht et nach an der Decisioun.

"Staatsferne": Krittär fir eng däitsch Lizenz

An Däitschland huet de russesche Staatssender "RT DE" wéineg Chancen eng Sendelizenz ze kréien, well do fir audiovisuell Medien eng Obligatioun zu sougenannter "Staatsferne" gëllt, also enger staarker Onofhängegkeet vum Staat. Datt d'Autorisatioun amplaz zu Lëtzebuerg ugefrot gi war, hat fir gréisser Diskussioune gesuergt.

Well d'EU ee Bannemarché ass, geet et duer eng Autorisatioun an engem Land ze hunn, fir dierfen an den anere 26 Länner ee Fernseeprogramm ze senden.

Méi zum Thema

Mark Cole
Meenungsfräiheet a Medienopsiicht

De russesche Staatssender RT wëll een däitschsproochegen Tëlleesprogramm lancéieren. Lëtzebuerg gouf fir eng Autorisatioun gefrot. Firwat dat fir Tensioune suergt, erkläert de Professer fir Medierecht Mark Cole.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen