Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rugby zu Lëtzebuerg

Sport

Rugby zu Lëtzebuerg

Rugby ass e klenge Sport zu Lëtzebuerg. Et gëtt keen nationale Championnat. De Rugby Club Lëtzebuerg an de Rugby Club Renert vu Walfer spillen allebéid an Däitschland. An da gëtt et awer och eng Nationalequipe. Déi huet de leeschte Samschdeg am Kader vun der Europameeschterschaft géint Moldawie gespillt.

auto_stories

4 min

Si heesche Matthew, Scott an Charlie oder och Josselin, Hugues a Gauthier. Si kennen all den Text vun der Heemecht a sangen e mat - souguer wa si keen oder nëmme wéineg Lëtzebuergesch schwätzen.

De President vun der Rugby-Federatioun Steve Karier ass net wéineg houfreg op seng Multikulti-Trupp. Rugby géif zimlech genee d'Lëtzebuerger Gesellschaft reflektéieren: D'Hallschent vun den Awunner wieren nämlech net-Lëtzebuerger, "och wa Stack-Lëtzebuerger dat net wëllen agesinn. Déi liewen, déi wibbelen, an déi kënnen duerchaus zesummen, egal vu wou si hierkommen." D'Equipe géif mat Leidenschaft hanner enger gemeinsamer Saach stoen.

En internationale Sport

De Public vum Rugby ass grad esou gemëscht. Et mierkt een: Rugby ass à la base e Sport vu Leit aus Groussbritannien an Irland, aus Frankräich - grouss Rugby-Natiounen, déi de Sport och op Lëtzebuerg bruecht hunn - den éischte Club (den RCL) gouf Mëtt de 70er Jore gegrënnt.

D'Expats stelle bis haut de Stack an de Veräiner, och vun der Nationalequipe: fir am Rugby fir eng Natioun spillen ze kennen, muss een dräi Joer am Land gelieft hunn. Déi Limite gëtt elo op fënnef Joer eropgesat: dat mécht dem Nationaltrainer Jonathan Flynn, e Schott, deen zanter enger Dose Joren zu Lëtzebuerg ass, e bësse Suergen. Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, dat op net-Lëtzebuerger ugewisen ass, ass dat net esou einfach. "Eist Liewe wäert an den nächste Jore sécher méi schwéier ginn", seet hien.

Och vill Jonker spille Rugby

Mee, dank de Promotiounsefforten an de Schoulen, der Nowuess-Aarbecht an de Clibb a beim Verband ginn et och ëmmer méi jonk Lëtzebuerger, déi de Sport hei kennen a spille léieren. Bei de Jonke si wierklech immens vill Lëtzebuerger do, seet den Nationalspiller Yared Ketema.

Och wa Ruby op den éischte Bléck rabiat ausgesäit, sou ass et e Sport fir déi ganz Famill. Foto: Christian Schaack

Déi Jonk géifen am Alter vun 18 Joer zwar dacks ophalen, well si op d'Uni ginn an dann net méi géifen zeréckkommen. "Do verléiere mir der ganz vill", seet de Yared Ketema. Bei der Nationalequipe géifen et vläicht manner Lëtzebuerger ginn, mee bei de Junioren (U20, U18)

D'Motivatioun ass do

Spéitstens wéi d'Rugby Rout Léiwen (sou nenne si sech) de Score e Samschdeg an der Nospillzäit op 23-10 eropgeschrauft haten, war déi éischt Victoire op deem Niveau perfekt. D'Nationalequipe bleift an där aktueller Divisioun, an där si virun zwee Joer schonn eemol gespillt hat, aus där si awer deemools ouni Victoire direkt erëm erausgefall war.

Dat sollt aus engem ganz bestëmmte Grond net nach eemol passéieren, wéi de Kapitän, de Romain Kimmel, erkläert: Et wéilt een am neie Stadion spillen, op deen ee ganz ongedëlleg géif waarden, an dat och an dëser Divisioun.

E Sport fir déi ganz Famill

Gemengt ass den nationale Fussball- a Rugbystadion op der Kockelscheier, deen an engem Joer fäerdeg gëtt. An op deen och d'Rugby-Supportere sech freeën: Et sinn der elo schonn ëm déi 1.000, déi d'Nationalequipe kucke kommen. Am neie Stadion ginn et der sécher net manner, an och déi speziell Rugby-Ambiance wäert do net verluer goen.

D'Spectateure wiere léif mateneen, seet de President vum Supporterclub Fränk Rosenfeld. Kanner kënne matkommen, well et egal ass, ob Géigner oder d'Lokalequipe do géif sëtzen. "Do ass iwwerhaapt kee Problem, datt do musse verschidde Bléck sinn, wou ofgegrenzt sinn." Dat wier déi Fairplay-Ambiance, déi aus dem britesche Rugbysystem géif kommen. "Et brauch ee keng extra Kontrollen, kee Policeasaz. Et ass einfach vill méi Relax. Et geet een heihin, wéi op e Familljefest praktesch."