Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi erlieft d'russesch Communautéit zu Lëtzebuerg de Krich an der Ukrain?

Russland-Ukrain

Wéi erlieft d'russesch Communautéit zu Lëtzebuerg de Krich an der Ukrain?

Déi ekrasant Majoritéit vun de Russen zu Lëtzebuerg wier entsat iwwer de Krich an der Ukrain seet d'Migratiounsfuerscherin Inna Ganschow.

auto_stories

2 min

Et gi Russen zu Lëtzebuerg, déi am Moment oppen Ufeindungen erliewen - wéinst dem Krich an der Ukrain: dat seet d'Migratiounsfuerscherin Inna Ganschow.

Si hätt Screenshote vun anonymme Messagë gesinn, déi eenzel Leit geschéckt kruten. An och Fotoe vu Flyeren, déi se an hire Bréifkëschte fonnt hätten.

D'Inna Ganschow, déi am Kader vun enger Fuerschungsaarbecht iwwer 100 Joer russesch Präsenz zu Lëtzebuerg e groussen Deel vun der Communautéit kenne geléiert huet, geet awer dovun aus, datt déi ekrasant Majoritéit vun de Lëtzebuerger Russen de Krich net gutt heescht:

"Ich habe in den letzten Tagen keine Umfragen durchführen können. Es ist auch nicht das Thema meiner aktuellen Forschung (...) Aber was mein persönlicher Eindruck ist: Ich habe in der Tat bislang keinen Menschen getroffen oder gehört, der gesagt hätte, ja das ist richtig. Alle sind entsetzt und sagen, was auch immer der Grund war: Krieg ist keine Lösung."

Zu Lëtzebuerg liewen tëscht 1.500 an 2.000 Leit mat engem russesche Pass. Doriwwer eraus och eng ganz Rei Nokomme vu russeschen Immigranten, déi am Laf vum leschte Joerhonnert heihi komm sinn.

Wéi vill Leit elo vun Ufeindunge betraff wieren, kéint d'Migratiounsfuerscherin awer net soen.