Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Säbelrasselen am Fréijoerslach

Zäithistoriker

Säbelrasselen am Fréijoerslach

Den Donald Trump huet alt nees e puer Rakéiten op Syrien schéisse gelooss, wéi d'lescht Joer am Abrëll. Dës Kéier mat franséischer a britescher Hëllef. Mee eng amerikanesch oder europäesch Syrien-Politik gëtt et no siwe Joer Krich, 350.000 Doudeger a méi wéi fënnef Milliounen syresch Flüchtlingen nach ëmmer net, seet den Historiker Denis Scuto am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

Summerlach, esou heescht déi Zäit vun der Summervakanz, während där alles méi lues leeft an d'Press Problemer huet, hir Säiten ze fëllen. Ech schloe vir, datt mir fir déi Zäit vun Ouschteren an der Ouschtervakanz den Numm "Fréijoerslach" aféieren. An deem Fréijoerslach, an deem och Staatsmänner sech langweilen, schénge si op d'mannst am Westen elo eppes fonnt ze hunn, fir d'Zäit doutzeschloen. Si gräifen einfach Syrien un.

Kucke mir ee Joer zeréck: Ouschterfréijoerslach 2017. Den Donald Trump, aus senger Vakanz a Florida, huet no sengen éischten 100 Deeg Gaffen, Skandaler a Mësserfolleger dat gemaach, wat d'Staatsmänner zanter Mënschegedenke maachen, wann et drëm geet, vu Problemer an der Innepolitik ofzelenken: Den décken Hummer an der Aussepolitik eraushuelen. De 7. Abrëll gëtt den Trump den Uerder, Rakéiten op eng Militärbasis vun der syrescher Arméi bei Homs ze schéissen. Als Reaktioun op eng Attack vun der syrescher Arméi mat chemesche Waffen op en Duerf, dat an der Hand vun de Rebelle war. Am Numm vun de Mënscherechter natierlech. All Kand weess jo mëttlerweil, datt déi westlech Militärinterventiounen vun haut, am Géigesaz zu fréier, nëmmen aus reng humanitäre Grënn geschéien.

"Wat hunn d'Frappe geännert? Näischt."

Dee selwechten Trump, deen a senger Wahlcampagne gesot hat, d'USA géifen net méi Welt-Gendaarm spillen. Dee selwechten Trump, deen 2013 dem fréieren US-President Barack Obama vun enger Interventioun a Syrien ofgeroden hat, als Reaktioun op eng Attack vum Assad senger Arméi mat chemesche Waffen op e Viruert vun Damas. Den Obama sollt näischt Irrationales a Geféierleches ënnerhuelen, sot den Trump deemools.

Dee selwechten Trump, deen ëmmer nees vum néidege Rapprochement mat Russland geschwat huet, huet domat net nëmmen de Putin, mee déi ganz UNO court-circuitéiert. Wat hunn déi Frappen a Syrien geännert? Näischt. Den Assad-Regime ass nach ëmmer en place, d'Rebellen hunn eng Bastioun no där aner verluer an dem Assad seng Arméi bombardéiert weider d'Zivilbevëlkerung, ob mat oder ouni chemesch Waffen.

Ënnerstëtzung vu Frankräich a Groussbritannien

Ee Joer drop sinn dem Trump seng innepolitesch Problemer ëmmer nach esou grouss. Firwat also net nees am Fréijoerslach e puer Rakéiten op Syrien schéissen? Fir dem amerikanesche Vollek ze weisen, datt hien e Mann ass. Wéi schreift d'New York Times. "Action receives praise; inaction receives ridicule".

Well den Emmanuel Macron no manner wéi engem Joer um Pouvoir säin Ufangskredit verspillt huet, ass et och fir hien Zäit, d'Muskelen ze weisen. Frankräich bombardéiert dës Kéier dann och ausserhalb vum Kader vun de Vereenten Natioune mat. Geneesou, wéi Groussbritannien vun der Theresa May, där hir Autoritéit ëmmer méi kontestéiert gëtt.

"Däin Tour kënnt och, Dokter!"

Iwwer dat machistescht Säbelrasselen eraus, dat trotz besserem Wëssen ëmmer nees vu Vox populi bejubelt gëtt, sollte mir vläicht un e friddlechen Opstand erënneren, deen 2011 als Printemps arabe an d'Geschicht agaangen ass. Zu Deera, am Süde vu Syrien, hate 15 Kanner op hir Schoulmauer geschriwwen, fir op hir Aart a Weis de Ras-le-Bol vun der syrescher Bevëlkerung no 50 Joer Diktatur vun den al-Assad auszedrécken: "Däin Tour kënnt och, Dokter!" Dokter, well de Bachar al-Assad vu Formatioun Aendokter ass. Déi Kanner goufe verhaft a gefoltert.

Dat war den Ufank vun der Repressioun vun enger Rebellioun a vun engem Krich, dee bis haut méi wéi 350.000 Doudeger verursaacht huet, a wéinst deem méi wéi fënnef Millioune Syrer op der Flucht sinn. Déi meescht vun hinnen a Lageren an der Tierkei, a Jordanien an am Libanon. Déi mannste packen et bis an Europa. An dat ass eis Europäer, auto-proklaméiert Defenseure vun den Mënscherechter, nach ze vill. Den Ufank vun engem Chaos, deen den Islamesche Staat staark gemaach huet, éiert en zeréck gedrängt gouf.

Net eens iwwer d'Syrien-Politik

An net zulescht den Ufank vun engem Stellvertriederkrich, an deem de Verléierer déi syresch Bevëlkerung ass. An d'Gewënner net déi, déi eemol am Joer am Weste mam Säbel rasselen - a sech dobäi zanter siwe Joer net eens ginn, iwwer hir Syrien-Politik. Mee de Bachar al-Assad, seng Arméi a Staaten wéi Russland, Iran an d'Tierkei, déi dëse Regime ënnerstëtzen.

Mee d'Vakanz an d'Fréijoerslach sinn eriwwer a spéitstens an e puer Wochen interesséiert dat Ganzt wahrscheinlech kee Mënsch méi.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.