Radioen

On air

De Moien  |  La Bofia - Violence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Saint-Paul: 71 Leit Personal ginn entlooss

Lëtzebuerger Presselandschaft

Saint-Paul: 71 Leit Personal ginn entlooss

Beim Mediegroup Saint-Paul géifen 71 Leit entlooss, dat krute mer vum Paul Peckels, Generaldirekter vu Saint-Paul Lëtzebuerg confirméiert. D'Bréiwer un déi betraffe Mataarbechter géifen haut erausgoen. Et ass nach net kloer op 71 oder 70 Leit entlooss ginn. Betraff ass d'Zeitung Wort, mee och aner Departementer vum Mediegrupp.

auto_stories

1 min

Bei de Verhandlungen tëschent dem belsche Proprietär Mediahuis an der Gewerkschaft LCGB gouf keen Accord fir e Sozialplang fonnt. Gëschter hat d'Schlichtungsamt eng Non-Conciliatioun, also en Echec vun de Verhandlungen, dekretéiert.

Den LCGB seet, dës Licenciementer géife géint eng Beschäftegungsgarantie am Kollektivvertrag verstoussen. D'Gewerkschaft huet de Betraffene juristesch Hëllef ugebueden, fir e Recours géint hir Entloossung um Aarbechtsgeriicht anzereechen.