Radioen

On air

De Weekend  |  Porches - Mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson hofft, datt Konventioune geschwënn ënnerschriwwe ginn

Esch 2022

Sam Tanson hofft, datt Konventioune geschwënn ënnerschriwwe ginn

Bis ewell goufe just 20 vun den 132 Projet-Konventioune fir Esch 2022 ënnerschriwwen. Dat hunn d'Organisateuren dem radio 100,7 confirméiert. D'Kulturministerin Sam Tanson hofft, datt déi kriddeleg Punkten an de Konventioune geschwë gekläert sinn.

auto_stories

2 min

D'Kulturministerin Sam Tanson. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Kulturministerin Sam Tanson géif et besser fannen, wann d'Konventioune schonn ënnerschriwwe wieren, "well da méi eng grouss Sécherheet existéiert." Déi lescht Méint wier et fir jiddweree schwiereg gewiescht ze schaffen, gëtt si ze bedenken.

Kritikpunkt: d'Rechter iwwer d'Propriété intellectuelle

Den Haaptkritikpunkt vun de Porteurs de projets un de Konventioune sinn d'Dispositiounen iwwer d'Propriété intellectuelle vun de Projeten. Esch 2022 freet an dëser Konventioun fir d'Droits patrimonaux wärend 70 Joer dierfen ze exploitéieren, an dat ouni Remuneratioun fir d'Kënschtler.

D'Sam Tanson ka verstoen, datt dat falsch opgeholl ka ginn. D'Explikatioune vun den Organisateure vun Esch 2022 géif si awer esou verstoen, datt soulaang d'ASBL Esch 2022 existéiert, d'Publikatioune weider gemaach kënne ginn, "ouni datt all Kéiers eng Diskussioun doriwwer gefouert gëtt".

D'Kulturministerin weist awer Versteesdemech, datt Kënschtler sech Suergen ëm hiert Wierk maachen, dat ze laang un d'Rechter vun enger ASBL gebonne solle sinn.

Konventioune ginn negociéiert

D'Nancy Braun, Directrice générale vun der ASBL Esch2022 hätt hier gesot, et géif elo diskutéiert ginn, datt d'Rechter nëmme fir d'Durée vun der ASBL Esch 2022 solle gëllen.

Soulaang wéi d'Konventiounen net ënnerschriwwe sinn, kréien d'Projete keng Sue vun Esch2022 fir ze schaffen. Datt de Finanzement eng grouss Suerg fir jiddwereen ass, kéint d'Sam Tanson verstoen. Déi Kulturschafend hätten elo awer d'Kontrakter virleien.

Duerch déi Negociatioune geet awer nees Zäit verluer, bei engem elo scho ganz enkem Zäitplang. Ob all d'Projete schlussendlech nach realiséiert kënne ginn, konnt d'Sam Tanson net confirméieren:

"Ech hunn keng Glaskugel, ech weess net, wat herno ka realiséiert ginn a wat net. Ech weess just, datt awer mat vill Engagement dru geschafft gëtt, datt et méiglech gemaach gëtt. "

D'ASBL 2022 krut haut vum Fonds Belval de Schlëssel fir hire Quartier Général zu Belval iwwerreecht. D'Préfabriqués-Gebai, dat a Rekordzäit geplangt a gebaut gouf, huet 4,8 Milliounen Euro kascht.

De Fonds Belval huet bei där Geleeënheet och confirméiert, datt d'Massenoire an d'Mëllerei, an deenen d'Haaptexpoe vun der Kulturhaaptstad solle sinn, zur Zäit solle fäerdeg ginn.