No der Publikatioun d'lescht Joer vun de sougenannte Panama Papers hat d'CSSF eng gréisser Enquête bei externe Reviseuren an Optrag ginn iwwer méiglech illegal Transaktioune via Offshore-Strukturen a Panama. D'Resultat läit elo vir. Géint néng Entitéiten huet d'CSSF elo Geldstrofe verhaangen, well si hir legal Obligatiounen an Zesummenhang mat der Bekämpfung vu Blanchiment a Finanzement vun Terrorismus net respektéiert hunn.
Et sinn dat véier Banken:
- CA Indosuez Wealth (Europe)
- DNB Luxembourg S.A.
- Nordea Bank S.A.
- Novo Banco S.A. (Succursale de Luxembourg)
Bestrooft goufen iwwerdeems fënnef Finanzgesellschaften:
- Link Corporate Services S.A.
- Maitland Luxembourg S.A.
- Pure Capital S.A.
- Experta Corporate and Fund Services S.A.
- Victory Asset Management S.A.
Zwou Gesellschaften, op déi ee besonnesch opmierksam gëtt
Experta Corporate and Fund Services S.A. (fréier Experta Corporate and Trust Services S.A.) ass eng honnert-prozenteg Filial vun der BIL. Aus de Panama Papers ass ervirgaangen, datt Experta déi Bank war, déi bei wäitem déi meeschten Offshore-Gesellschafte fir Cliente via de panamaesche Cabinet Mossack Fonseca ugefrot hat. Ënnert den Top 10 waren nach dräi aner Lëtzebuerger Banken.
D'CSSF huet dann och eng Geldstrof géint Victory Asset Management S.A. verhaangen. Interessanterweis sëtzt de Prënz Guillaume - Brudder vum Grand-Duc Henri - zënter Juni 2010 am Verwaltungsrot vun där Gesellschaft, déi op Verméigensverwaltung spezialiséiert ass.
Beim Zäitraum vun de festgestallten Infraktioune bleift d'CSSF vague: si hätten "net mat der rezenter Vergaangenheet ze dinn". Déi am Kader vun de Panama Papers geleakten Dokumenter gi jiddefalls bis Enn 2015. An d'CSSF bezitt sech op Gesetzer respektiv Reglementer vun 2004, 2010 an 2012. Wéi eng Gesellschaft elo wéi vill wéinst wéi enger Infraktioun muss bezuelen, schreift d'CSSF och net.
De Claude Marx, Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, ass iwwregens selwer an de Panama Papers opgedaucht. De Claude Marx hat a sengem fréiere Liewe fir d'Bank HSBC geschafft. Medieberichter no hätt hien tëschent 1995 an 2010 enke Kontakt mat Mossack Fonseca gehat an eng Rei Offshore-Gesellschafte verwalt.
No comment
Victory Asset Management wollt - op Nofro hinn - kee Kommentar ofginn. Eng Reaktioun vum Haff ass ugefrot. Bei der BIL heescht et - ouni weider Detailer - et hätt ee mat der CSSF kooperéiert an hir Recommandatiounen ëmgesat.