Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sanktioune géint Russland: EU-Parlament wëll méi wäit goen

EMBARGO OP RUSSESCHEM GAS

Sanktioune géint Russland: EU-Parlament wëll méi wäit goen

Am Europaparlament setzt sech eng blo-rout-gréng Allianz dofir an, datt d'EU kee Gas, Pëtrol oder Kuel aus Russland méi bezitt. Dozou gehéieren och d'Vertrieder aus de Lëtzebuerger Regierungsparteien.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / DifferR

Een Embargo op russeschem Gas ass dat Instrument, ënnert deem Russland am meeschte leide géif. Doriwwer gëtt et am Fong keen Zweiwel. Am fënnefte Sanktiounspak, deen d'Europäesch Kommissioun gëschter op den Dësch geluecht huet, proposéiert Bréissel elo, datt keng Kuel méi aus Russland an d'EU soll importéiert ginn. Pëtrol a Gas sinn net Deel vun deem Pak.

D'Europaparlament géif do gäre méi wäit goen.

Am Parlament gëtt den Ament un enger Resolutioun geschafft, wéi do genee de Wuertlaut wäert ausgesinn, ass nach net kloer. En Donneschdeg gëtt iwwert den Text ofgestëmmt.

Déi gréisst Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei, ass fir "een direkten Embargo op Pëtrol a Kuel aus Russland", huet en Dënschdeg hire Chef Manfred Weber erkläert.

Anerer wëlle méi.

"Ech sinn der Meenung, datt d'Parlament soll ganz wäit goen, eng ganz radikal Positioun soll anhuelen, well dat ass dat Eenzegt, wat de Putin versteet", seet de Charel Goerens. Seng Fraktioun, déi Liberal, fuerdert een Embargo op Gas, Kuel a Pëtrol an ass iwwerzeegt dovun, datt dat och machbar ass.

Kompletten Embargo op Energie aus Russland

Kloer Aussoe kommen och vun den Europadeputéierten aus den anere Lëtzebuerger Regierungsparteien. Een Embargo, "sou séier wéi méiglech also elo direkt", fuerdert den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

"D'Ukrainer verteidegen och eis Wäerter, d'Demokratie. Wa mer déi net méi hunn, kënne mer och net vun enger gudder Wirtschaft profitéieren. Dofir fannen ech, datt mer hei mussen als Parlament soen: Stopp, elo geet et duer. Keng Sue méi fir Ueleg a Gas a Kuel a Russland."

Och déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass géint weider russesch Energie-Importer - dozou gehéiert fir si och den Uran. "Et ass elo un der Zäit, ganz staark Zeechen ze setzen, an een Embargo op alles ze setzen, wat dee Krich finanzéiert."

An nationale Regierunge wéi där Däitscher awer refuséieren Liberaler wéi de Christian Lindner, Sozialdemokraten wéi den Olaf Scholz oder gréng Ministeren, wéi de Robert Habeck bis elo ee Stopp vu speziell Gasimporter.

Lëtzebuerger Regierung warnt viru Konsequenzen

D'Lëtzebuerger Regierung steet zanter Wochen um Standpunkt näischt ze blockéieren, hält sech awer mat aktive Fuerderungen zeréck.

"Et ass ganz einfach ze soe mir brauche méi Sanktioune, mir brauche méi Sanktiounen. Jo, mir brauche méi Sanktioune, mee da misste mer eis och bewosst sinn, déi Konsequenzen déi dat wäert hunn. A si mir wierklech capabel, bei verschiddenen Decisiounen, déi da villäicht elo virun der Dir stinn, d'Konsequenzen ze droen, um ekonomesche Plang a sämtlechen Etats membres an och zu Lëtzebuerg?"

Sou nach gëschter d'Finanzministerin Yuriko Backes am 100Komma7-Interview.

Litaue stoppt Gas-Importer

Et gëtt och EU-Länner, déi méi haart Sanktioune fuerderen. Dozou gehéieren der och wéi Polen oder Lettland, déi selwer géingen drënner leiden.

Litauen huet et des Woch virgemaach. D'Land wat all Joer Pëtrol, Gas a Kuel am Wäert vu méi ewéi dräi Milliarden Euro akeeft, huet annoncéiert, kee russesche Gas méi ze importéieren.

Déi litauesch Regierung kënnt dobäi enger Demande vum nationale Parlament no. Wat de Charel Goerens begréisst.

"Engem Parlament säi Rôle ass et ganz wäit ze drécken, fir datt eng Regierung zu Moskau soe kann: Sot lauschtert emol: Eis gewielte Vertrieder, déi wëllen nach vill méi wäit goe wéi mir. Entweder dir gitt no, oder mir adoptéieren dat, wat déi soen."

Aus der Lëtzebuerger Chamber läit bis elo keng esou eng Opfuerderung oder Positioun vir. Deet ee sech am Europaparlament méi liicht, well esou een Appell keng direkt Konsequenzen huet? D'Tilly Metz äntwert dorop dat heiten:

"Dat heiten ass elo eng Resolutioun, et ass eng politesch Demande, déi mir un d'Memberlänner formuléieren. Natierlech muss dann och een Europaparlament dono dozou stoen."

De Marc Angel fir säin Deel verséchert, hie géing zu Lëtzebuerg näischt anescht soe wéi zu Stroossbuerg oder Bréissel.

"Wann een eng Meenung huet, muss ee se do vertrieden, wou een an der Responsabilitéit ass. Ech sinn elo hei am Europaparlament, dofir soen ech dat. Ech géing dat och als Politiker zu Lëtzebuerg soen."