Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Kaili

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé: 12 nei Infektioune mam neie Coronavirus zu Lëtzebuerg

Coronavirus

Santé: 12 nei Infektioune mam neie Coronavirus zu Lëtzebuerg

Et ginn zwielef nei Infektioune mam neie Coronavirus zu Lëtzebuerg. Dat huet d'Direktioun vun der Santé den Donneschdeg kuerz virun 11 Auer Mëttes matgedeelt. Domat läit d'Zuel vun den Infektiounsfäll elo bei 19. An zwee Fäll hätt et och eng lokal Iwwerdroung ginn, dat heescht, datt Persounen hei am Land mam Virus infizéiert goufen.

auto_stories

4 min

Ee Fall wär am Spidol um Kierchbierg entdeckt ginn, heescht et weider. Fir déi ëffentlech Gesondheet ze schützen, géifen dofir do elo d'Kontrolle bei der Entrée vum Gebai renforcéiert ginn. D'Visitte bei Patiente géife limitéiert ginn a programméiert Operatioune géifen no hanne verréckelt ginn.

Op der Uni Lëtzebuerg goufen de Mueren a verschidde Studiegäng iwwerdeems d'Virliesungen annuléiert. Dat wier eng präventiv Moossnam, well verschidde vun de Studenten an deene Coursen ënner Quarantän gestallt gi wieren, deelt d'Uni mat.

De Staatslabo huet bis elo 317 Tester op den nei-aartege Corona-Virus gemaach: dat huet de "Laboratoire national de santé" eis de Moien op Nofro hi matgedeelt.

De Premierminister Xavier Bettel huet en aussergewéinleche Regierungsrot fir den Owend 6 Auer aberuff.

Eischte Fall zu Tréier ass Grenzgänger

Den éischte bekannte Fall vun der Krankheet Covid-19 zu Tréier ass iwwerdeems e Grenzgänger, deen zu Lëtzebuerg schafft. De Mann wier awer scho fréi doheem bliwwen. Et géif een dofir net dovun ausgoen, datt eng grouss Infektiounsgefor vun deem Mann ausgeet. Dat schreift d'Stad Tréier an engem Communiqué.
Wéinst dem Virus ginn et eng ganz Parti Annulatiounen: D'Philharmonie huet all hier Concerte bis e Sonnden ofgesot.

Weider Ofsoe vun Evenementer

D'Chamber huet matgedeelt, datt wéint der Corona-Kris bis den 3. Abrëll all international Reuniounen an Deplacementer an d'Ausland ofgesot oder no hanne verréckelt ginn. Visitten an der Chamber fanne während där Zäit och keng statt. D'Aarbecht an de Chamberkommissiounen an déi ëffentlech Séancë ginn awer wéi gewinnt weider.

Op der Uni Lëtzebuerg goufen den Donneschdeg de Moien a verschidde Studiegäng d'Virliesungen annuléiert. Dat wier eng präventiv Moossnam, well verschidde vun de Studenten an deene Coursen ënner Quarantän gestallt gi wieren, deelt d'Uni mat. Den OGBL huet iwwerdeems säi Friddensmarsch, dee fir den 28. Mäerz geplangt war, op den 20. Juni verréckelt.

D'FLF deelt mat, datt bis op Weideres all d'Futsal- a Futtballsmatcher hei am Land ofgesot sinn. De Lëtzebuerger Wanderverband huet dann all d'Marche populären am Mäerz ofgesot.

Auswierkungen op déi lëtzebuergesch Wirtschaft

D'Epidemie hannerléisst och hir Spueren an der Wirtschaft. Ronn 50 Betriber hu sech bannent deene siwe leschten Deeg gemellt, fir eng staatlech Ënnerstëtzung unzefroen, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot, den Donneschdeg de Moien no der Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Kuerzaarbecht, Finanzhëllefe vu bis zu 200.000 Euro oder nach eng staatlech Garantie fir Prêten un Betriber sinn d'Haaptmoossnamen.

Et bleiwen awer nach vill Froen op. Ënner anerem wat den Télétravail ugeet. A bilaterale Besteierungsaccorde mat de Nopeschlänner gëtt eng maximal Zuel un Deeg festgeluecht, während ee vun Doheem aus ka schaffen. Et géife Gespréicher gefouert ginn mat de Nopeschlänner fir an dëser Krisenzäit eng méi flexibel Regelung kënnen unzebidden.

CSV fuerdert d'Schoulen temporär zouzemaachen a Congé pour raisons familiales ze erweideren

D'CSV fuerdert, datt vun de Méinden un all d'Schoulen a Betreiungsstrukture fir Kanner zoubléiwen. Dat fir d'Ausbreede vum neie Corona-Virus ze bremsen. Den Eltere misst et deen Ament awer méiglech sinn, sech em hir Kanner ze këmmeren. D'CSV begréisst dowéinst d'Entscheedung vun der Regierung, de Congé pour raisons familiales ze erweideren.


De Communiqué vum Gesondheetsministère:

La Direction de la santé informe que douze nouvelles infections avec le coronavirus COVID-19 ont été diagnostiquées. À ce stade, une transmission locale a été constatée pour deux cas.

L'évaluation de la situation est en cours.

Un cas a été diagnostiqué sur le site Kirchberg des Hôpitaux Robert Schuman (HRS). Ainsi, dans l'intérêt de la protection de la santé publique, HRS met en place le dispositif spécial suivant sur le site du Kirchberg:

  • Renforcement du contrôle d'accès à l'entrée principale
  • Limitation des visites des patients
  • Réservation du parking exclusivement pour le personnel et le corps médical
  • Suspension de la prise en charge chirurgicale programmée
  • Diminution substantielle des consultations ambulatoires.

Le public est invité à consulter la FAQ disponible sur le site www.gouvernement.lu/coronavirus pour les renseignements d'ordre général et les gestes de prévention à adopter ou d'appeler la hotline sous le numéro 8002 8080.

Le gouvernement tient à rappeler que les personnes présentant des symptômes d'une infection (toux, fièvre ou problèmes respiratoires) et rentrant d'une zone à risques, ne doivent pas se rendre chez le médecin ou aux urgences, mais sont censées appeler le 8002 8080 ou, en cas d'urgence, le 112. D'autre part, elles doivent s'abstenir de rendre visite à des personnes vulnérables.