Radioen

On air

Tockcity  |  Royel Otis - Murder On The Dance Floor - Triple L Like A Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé freet d'Spideeler fir d'Impflëschten ze iwwerpréiwen

No HRS-Polemik

Santé freet d'Spideeler fir d'Impflëschten ze iwwerpréiwen

De Gesondheetsministère huet eisen Informatiounen no all d'Spideeler gefrot hir Impflëschten ze iwwerpréiwen. Dat ass decidéiert gi wéinst der Polemik ronderëm déi fréizäiteg Impfung vun dräi Conseilsmembere vun den Hôpitaux Robert Schuman. D'Spideeler hu verschidden diskutabel Fäll op verschidde Manéiere geréiert.

auto_stories

4 min

Foto: picture-alliance

D'Spideeler waren an der éischter Phase vum nationalen Impfplang un der Rei - mam Zil fir déi Leit, déi um Terrain dem Coronavirus ausgesat sinn, esou séier wéi méiglech ze schützen. D'Spideeler konnten hir Impfcampagne selwer geréieren.

Grozonen an de Spideeler

Wéi mir dat gemellt haten, huet de Groupe Hôpitaux Robert Schuman als eenzegt Spidol direkt am Ufank säi President a seng zwee Vize-Presidenten impfe gelooss, wat an Tëschenzäit vill kritiséiert ginn ass. De Gesondheetsministère hat d'Recommendatioun erausginn, prioritär d'Leit vum Terrain ze impfen. An enger Konventioun huet et geheescht, jiddereen, deen e Kontrakt mam Spidol huet, kéint geimpft ginn. Fir déi aner Spideeler war kloer, datt d'Verwaltungsréit net sollte geimpft ginn.

Mee an de Spideeler goufen et weider Grozonen. An d'Spideeler hate keng gemeinsam Approche fir domat ëmzegoen.

Zum Beispill pensionéiert Mataarbechter. De Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) huet guer keng pensionéiert Mataarbechter geimpft, esou den CHL-Generaldirekter Romain Nati.

Aner Spideeler hunn dat méi large gesinn. Wéi mir dat confirméiert kruten, sinn zum Beispill am Escher CHEM an am Hôpital du Nord och scho ganz fréi am Januar pensionéiert Doktere geimpft ginn. Am Ettelbrécker Hôpital du Nord huet dat fir Doktere gegollt, déi nach baussent dem Spidol aktiv sinn, och wa se am Spidol keng Aktivitéit méi hunn.

Am Escher CHEM wësse mir vun engem pensionéierten Dokter, deen no dräi Deeg schonn un d'Rei komm ass, obwuel en net méi fir d'Spidol schafft, mee deen awer nach divers Aufgaben am Gesondheetswiesen huet. Aner pensionéiert Dokteren, déi fréier am CHEM geschafft hunn, sinn net geimpft ginn.

Keng gemeinsam Approche bei de Spideeler

De CHL an de CHEM hunn eegenen Aussoen no keng irregulär Fäll beim Gesondheetsministère gemellt an den Hôpital du Nord sechs Fäll vu Reschtdosen, déi u Leit gaange wieren, déi net aktiv am Spidol schaffen.

Och d'Hôpitaux Robert Schumann iwwerpréiwen hir Impflëschten. De Groupe huet zouginn, datt si no der Demande vum Gesondheetsministère en internen Audit gemaach hätten. Si wieren am Gaange konkret zwee Fäll ënnert d'Lupp ze huelen, sot eis de Spriecher Marc Glesener. D'Spidol géif déi Fäll elo auswäerten a kucke wéi déi Leit intern op d'Impflëscht vum Spidol konnte kommen a wéi eng Sanktioune méiglech sinn.



De Problem ass: Um Ufank vun der Impfcampagne an de Spideeler huet et misse séier goen. Soubal de Vaccin do war, ass probéiert gi sou séier wéi méiglech ze impfen. Eng richteg Kontroll vun de Lëschte gouf a gëtt et nach ëmmer net. All Spidol huet och fir sech gekuckt, wéi et d'Leit der Rei no impft. Net all Spidol huet déi Situatioun d'selwecht geréiert.

De CHL huet zum Beispill d'Mataarbechter no Prioritéitskrittären an dräi Kategorien agedeelt, woubäi déi drëtt Kategorie awer schonn e puer Wochen no der éischter mat geimpft gi wier, well een den Impfstoff soss net séier genuch lass gi wier, esou de Generaldirekter.

Den Escher CHEM huet d'Leit net prioriséiert, esou de medezineschen Direkter Serge Meyer, well et hätt een déi deeglech Impfrendezvouse soss net voll kritt, an et géif kee Sënn erginn Zäit ze verléieren. Prioritär Leit wieren ëmmer séier un d'Rei kommen, wa se gewollt hätten: "Mir hu keng Waardelëscht vu Leit, déi net drukéimen", esou de Serge Meyer.

D'Santé ass op d'Spideeler ugewisen

Eng déifgräifend Kontroll vun den Impflëschten an de Spideeler schéngt fir den Ament net méiglech. De Romain Nati mengt, d'Dokteren an den Impfzenteren am Spidol hätte gemierkt, wa Leit do opgedaucht wieren, déi näischt do verluer hätten. An engem Spidol géif ee sech kennen.

De Ministère ass op d'Donnéeën aus de Spideeler ugewisen. Wéinst dem Secret médical an dem Dateschutz kéinten d'Lëschten net einfach esou iwwerpréift ginn, heescht et.

Sanktiounsméiglechkeete bei Abuse ginn et zu Lëtzebuerg weider keng. An Däitschland gëtt den Ament eng héich Geldstrof fir "Impfdrängler" diskutéiert.

Fir déi aner Phase vun der nationaler Impfcampagne geréiert de Staat d'Invitatiounen, an net d'Acteuren um Terrain. Wéi mer dat gemellt haten, gouf et och bei deem System eng Kéier eng Pann: De Staat hat all d'Mataarbechter vun engem Patron invitéiert, obwuel e klengen Deel dovun net d'Krittären erfëllt huet. Déi Persoune goufe gebieden d'Impfinvitatioun net unzehuelen.

Well et bis elo net genuch Impfstoff gëtt fir all d'Leit séier beieneen ze impfen, huet d'Regierung mat der Ethikkommissioun e Prioritéite-Plang a sechs Phasen ausgeschafft.

Am CHL ware bis dësen Donneschdeg ronn 2.500 Persoune géint de Coronavirus geimpft ginn. Am Hôpital du Nord bis dëse Freideg 960. Am Escher CHEM si bis elo 1.450 Leit geimpft ginn.