Large-Scale-Testing Santé: "Och Geimpfter solle sech weider teste loossen"

Och wann ee schonn eng Impfung krut, soll ee sech weider op de Coronavirus teste loossen, seet den Thomas Dentzer. Hie këmmert sech am Gesondheetsministère em d'Corona-Tester a betount, datt geimpft Leit weider géifen an de Large-Scale-Testing invitéiert ginn. Et wier nach net kloer, ob geimpfte Leit ustiechend kënne sinn.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Thomas Dentzer
Den Thomas Dentzer këmmert sech am Gesondheetsministère ëm d’Corona-Tester

Wann ee geimpft ass géif een zwar selwer keng Symptomer méi kréien, dat géif awer net forcement verhënneren, datt een de Virus a sech kann droen an aner Leit kéint ustiechen, esou den Thomas Dentzer. Fir méi Kloerheet doriwwer ze kréien, ob een no der Impfung nach ustiechend ass, géifen déi geimpfte Leit weider an de Large-Scale-Testing invitéiert ginn, fir datt sou Daten dozou generéiert kënne ginn.

Et géifen zwar schonn Indikatioune ginn, datt ee jee no Impfstoff zu engem oder zwee Drëttel virdru geschützt wier, de Virus guer net méi ze kréien. Dës Donnéeë géifen awer op zimmlech klengen Zuele baséieren, seet den Thomas Dentzer.

An den nächste Wochen a Méint géif sech dann erausstellen, wéi geréng d'Warscheinlechkeet, de Virus ze kréien, wierklech ass. D'Regierung bräicht dës Donnéeën, wann et drëms geet Lockerunge vun de Corona-Mesuren ze decidéieren.

Bis gekläert ass, ob een trotz Impfung de Virus ka weider ginn, missten och geimpfte Leit, wa se positiv op de Coronavirus getest goufen, a Quarantän. Et wier och am Interessi vun der geimpfter Persoun fir ze wëssen, datt ee seng Famill a Frënn wierklech net kéint ustiechen, preziséiert den Thomas Dentzer.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Large-Scale-Testing
Large-Scale-Testing

De Large-Scale-Testing gëtt fir eng drëtt Phas verlängert. Den Infektiolog Gérard Schockmel zweiwelt awer staark um Notze vum breeden Testen, besonnesch par rapport zum héije Käschtepunkt.

Large scale testing
Corona-Pandemie

Déi drëtt Phas vum Large scale testing soll spéitstens Mëtt Mäerz ufänken a bis op d'mannst Mëtt Juli daueren. Se kéint, wann néideg, och bis September verlängert ginn. Heifir ass e Budget vu 64 Milliounen Euro virgesinn.

Impfung géint Covid-19
National Impfstrategie

An de Phasen 2 bis 6 sollen zwee Krittäre bestëmmen, wie wéini géint Covid-19 geimpft gëtt. Engersäits spillt den Alter eng Roll, anerersäits verschidde Krankheetsbiller. Ufank Mäerz soll déi nächst Phas ufänken.

Impfung
Froestonn

D'Impfunge géint den neie Coronavirus kommen. Vill Leit hu Bedenken, well d'Impfstoffer esou séier entwéckelt goufen. De kompletten Interview mam Thomas Dentzer a Gérard Schockmel fannt Dir elo hei.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen