An der Santéskommissioun vun der Chamber konnten d'Deputéierter de Moien dem Expertegrupp eng Rei Froen a Saachen Impfflicht stellen. Déi fënnef Experten hunn an hirem Rapport jo eng Rei Szenarie festgehalen an och Recommandatiounen ausgesprach, notamment wat d'Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer ugeet.
Zevill Inconnue fir déi Lénk
Fir d'Nathalie Oberweis vun déi Lenk bleiwen ze vill Inconnuen fir elo eng Impfflicht duerchzesetzen, Si géing net gesi wéi déi zwou genannte Konditioune erfëllt sinn:
"Well si soen texto datt d'Impfflicht justifiéiert ass wann d'Konditiounen erfëllt sinn. Mir kënnen awer net sécher sinn dat déi Konditiounen erfëllt sinn. Da kann ech keng Conclusioun zéien dass déi Impfflicht elo kann agefouert ginn wann ech mech un hir Termen halen."
DP: Divergencen am Rapport maachen Analyse schwéier
Et misst een elo parteiintern kucke wéi ee sech positionéiert, sou d'Carole Hartmann vun der DP. Et hätt ee Froe gestallt zu der Effikassitéit vun de Vaccinen par rapport zu de Varianten an zu der Transmissioun vum Virus.
D'Fro wier, wéi een déi Leit erreecht déi guer net geimpft sinn. D'Conclusiounen am Rapport wieren allerdéngs manner kloer, wéi dat bis elo duergestallt gi wier:
"Et mierkt ee schonn datt villäicht verschidden divergent Vuen och do si wann et ëm verschidde Punkte geet wat d'Experten elo als Conclusiounen gezunn hunn, quit datt se sech op deene grousse Linnen eens sinn. Awer am Detail sinn awer och verschidde Vuen ze erkennen [...] an dat mécht och eis Analyse wierklech net méi einfach."
Szenario am Hierscht eng Inconnue fir déi Gréng, ADR weider géint Impfflicht
Am Mëttelpunkt fir déi Gréng géing d'Fro stoen, op eng Impfflicht verhältnisméisseg wier wann ee guer net wéisst, wéi een Szenario am Hierscht wäert optrieden, sou d'Députéiert José Lorsché.
Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen huet sengersäits gemengt, datt ee weiderhi géint eng Impfflicht wier an datt d'Aussoen vu de Moien dorunner näischt géifen aenneren.