Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaarf Kritik vum Claude Wiseler um Etienne Schneider

Äerdobservatiounssatellit

Schaarf Kritik vum Claude Wiseler um Etienne Schneider

Schaarf Kritik um fréieren LSAP-Verteidegungsminister Etienne Schneider wéinst dem Projet fir en Äerdobservatiounssatellit fir d'Lëtzebuerger Defense. Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, fréier selwer Minister, mengt den Etienne Schneider hätt de Projet séier virun de Walen 2018 duerchgedréckt, fir sech an d'Vitrinn ze stellen. Dat géif de Steierzueler haut 180 Milliounen Euro kaschten. Dat sot de Claude Wiseler an engem Interview, nodeems den aktuelle Verteidegungsminister François Bausch e Méindeg an der Budgetskontrollkommissioun gesot hat, wat hien a PWC bis elo iwwer de Werdegang vum Projet Luxeosys erausfonnt hunn.

auto_stories

4 min

"Dat wat d'Regierung a PWC eis erkläert hunn, dat ass a mengem Aen, an ech fäerten net dat ze soen, e richtege Skandal an a méi wéi enger Hisiicht e richtege Skandal", esou de Claude Wiseler.

Den initiale Problem ass fir de Claude Wiseler natierlech, datt de Projet 170 Milliounen Euro kaschten sollt, elo awer bis zu 180 Milliounen méi deier gëtt. Et wier och net kontestéiert ginn, datt de Moment wéi de Projet de loi an der Chamber gestëmmt gouf, am Wirtschaftsministère gewosst war, datt den initiale Budget net kéint agehale ginn, esou de Claude Wiseler. Dat well d'Offer vun OHB-I, der Firma, déi de Satellit baut, scho virum Vott an der Chamber dobanne war, an de ganze Budget just dofir verbraucht huet.

"Déi aner Posten, déi awer missten beinhalt ginn, wéi d'Antennen, respektiv de ganzen Segment sol, d'Exploitatioun, d'Maintenance, d'Verdeelung vun de Biller, déi am Fong am initiale Präis mat dra sinn, déi sinn, wann een de Kontrakt liest, net do beinhalt, dofir war et ganz, ganz kloer, scho wéi de Vott an der Chamber geholl ginn ass."

Wann hien d'Erklärungen, déi e vun der Regierung kritt hätt, richteg géif interpretéieren, dann "ass dee Moment ganz kloer der Chamber net d'Wouerecht gesot ginn. An d'Chamber ass kalbliddeg hanner d'Liicht geféiert ginn", esou den CSV-Deputéierten.

Hie wier scho laang an der Politik. Mee hien hätt "selten esou eppes, wéi dat do begéint".

OHB-I schéngt e kloren Avantage op d'Konkurrenzoffere gehat ze hunn

Spéitstens bei der Signature vum Kontrakt mat OHB-I, wéi kloer war, datt de Budget net géif duergoen, hätt entweder de Kontrakt net dierfen ënnerschriwwe ginn, "oder zumindest an d'Chamber direkt kommen an d'Chamber Budgetkontrollkommissioun goen an der Chamber soen, hei ass e Problem".

Hien huet och grouss Zweiwel un der Legalitéit vun der Prozedur, iwwer déi OHB-I den Zouschlag krut. Deemno wéi een d'Gesetzgebung interpretéiert, kéint ee vläicht nach akzeptéieren, datt OHB-I den Optrag fir d'Pre-Etüd am Wäert vun 750.000 Euro ouni Ausschreiwung krut. Mee wat hien awer géif stéieren, dat wier "datt deejéinegen, deen d'Pre-Etüd mécht, deen also den Dossier quasiment ausschreift, datt dat deen ass, deen duerno de Kontrakt kritt an do seet PWC ganz kloer a sengem Bericht, datt et evident war, datt et an der Marchésprozedur esou war, datt déi Firma, déi Pre-Etüd gemaach hat, e ganz kloren Avantage hat, par rapport zu deenen aneren", esou de Claude Wiseler.

"Amateurhaft Preparatioun"

De Claude Wiseler kritiséiert, datt den Dossier amateurhaft preparéiert gewiescht wier. An am Fong nach guer net prett, fir gestëmmt ze ginn. Hien hätt d'Impressioun, den Zäitdrock wier wéinst der Walecheance am Hierscht 2018 gewiescht.

"An datt de Minister nach séier eppes Grousses wollt fäerdeg kréien, wou hie sech nach schéi propper kéint domat an d'Vitrinn stellen. Just de Problem ass, datt dat de Steierzueler haut 180 Milliounen Euro méi kascht."

D'Budgetskontrollkommissioun huet jo e Méindeg decidéiert, d'Beamten, déi deemools an der Verantwortung waren, fir déi nächst Reunioun kommen ze loossen. Duerno soll och de fréiere Minister Etienne Schneider kommen. Eis Nofro, ob hien esou eng Invitatioun géif unhuelen, huet den Etienne Schneider bis elo ignoréiert. Eréischt duerno awer kéint ee sech e wierklecht Bild maachen, seet den Oppositiounsdeputéierte Claude Wiseler, dee selwer bei de leschte Wale Spëtzekandidat fir seng Partei war.

Wann duerno nach Froen opbleiwe géifen, da géif et zwee Weeër ginn. Eemol d'Cour des comptes, "wat en Organ vun der Chamber ass, dat Analyse vun esou Depensë mécht. Vun der Legalitéit dovun mécht. Oder gegebenefalls eng Commission d'Enquête froen, wa mer gesinn, datt dat noutwendeg wier, fir all Renseignementer ze kréien."

D'Zukunft vum Projet ass ongewëss

Wat geschitt, falls sech confirméiert, datt d'Chamber hanner d'Liicht gefeiert gouf?

"Also hei ass jo d'Saach jo e wéineg méi komplizéiert, well mer et mat engem fréiere Minister ze dinn hunn, an d'Fro ass, wat geschitt engem fréiere Minister, wann ee feststellt, datt deen a senger fréierer Funktioun als Minister d'Wouerecht net gesot hat. Wann et en aktuelle Minister wier, da weess ech ganz kloer, wat ech der Chamber géif suggeréieren ze froen, wann dat esou ass, wéi mer et momentan gesinn, da géif ech froen, datt dee Minister net méi kéint an der Regierung bleiwen, well mer net méi d'Vertrauen an hien hätten."

Ob d'CSV, déi 2018 fir de Projet gestëmmt hat, wëlles huet, eng Verlängerung vum Budget matzedroen, wier nach net decidéiert. Et wier no den Explikatioune vum Minister e Méindeg elo kloer, datt et Interesse vu verschiddene Organisatiounen fir d'Biller vum Satellit gëtt. Zu deem 2018 ugedeiten "Return on Invest" kënnt et awer wuel net.

Et wier natierlech schwiereg, wann een 170 Milliounen géif ausginn, ouni duerno e Satellit ze hunn. Mee et misst een och bedenken, datt d'Budgetssituatioun vum Staat no der Covid-19-Kris eng ganz aner wier wéi virdrun. Den Dossier misst also och am Kader vun der Investitiounspolitik vun der Regierung an deenen nächste Jore gekuckt ginn.