Flüchtlingspolitik Schaarf Kritik vum éisträicheschen Europaminister

Den éisträicheschen Europaminister Alexander Schallenberg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn haut schaarf kritiséiert.

jga / fk / cbi

Alexander Schallenberg
Den éisträicheschen Europaminister Alexander Schallenberg, hei am Abrëll 2021. Foto: picture alliance / VIE7143 | Leopold Nekula

De Jean Asselborn hat an engem Interview mat der Zeitung Die Welt gesot, den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz géif eng direkt mënschlech Solidaritéit refuséieren. Domadder géif hie seng Qualitéit verléieren Europäer ze sinn.

Éisträich fënnt Behaaptungen "absurd"

An engem Schreiwes, dat vun der éisträichescher Ambassade weider geleet gouf, heescht et dat wieren absurd Behaaptungen. Éisträich hätt pro Kapp déi véiertgréisst Communautéit un Afghanen, esou den éisträicheschen Europaminister Alexander Schallenberg.

Wa Lëtzebuerg genee sou solidaresch wier, misst et méi Afghanen ophuele wéi bis elo. De Jean Asselborn wier also net an enger Positioun fir Rotschléi ze ginn, an et wier och net de Moment fir bëllege Populismus.

Kritik aus Däitschland

Kritik um Jean Asselborn kënnt och aus Däitschland: De Bundesinneminister Horst Seehofer weist wéineg Verständnis fir dem Lëtzebuerger Ausseminister seng Dreeung, eng geplangt EU-Deklaratioun zu Afghanistan ze blockéieren wéinst ze wéineg Ënnerstëtzungs-Zousoen.

De Jean Asselborn sollt an der Diskussioun d'Problemer vun de grousse Länner an der EU méi consideréieren. Et géif een do net vun e puer honnert, mee e puer dausend Leit schwätzen.

Keng konkret Annoncen vu der EU

An Interview mat der "Welt" huet de Jean Asselborn gefuerdert, d'EU misst bereet si fir 40.000 bis 50.000 sougenannte "Resettlement"-Plaze fir afghanesch Flüchtlingen zur Verfügung ze stellen.

D'EU huet bis elo - Contraire zu den USA, Kanada oder Groussbritannien - nach keng konkret Annoncë gemaach, wéi vill Refugiéeë kéinten am Kader "Resettlement-"Programmer opgeholl kéinte sinn.

Den LSAP-Ausseminister huet dobäi och den éisträichesche Kanzler kritiséiert: Éisträich, Ungarn a Slowenien hu rezent annoncéiert, keng Flüchtlingen aus Afghanistan méi wëllen opzehuelen.


Notiz: Dësen Artikel gouf um 14:30 Auer à jour gesat.

Méi zum Thema

A400M
Kabul

D'USA hunn hire Réckzuch aus dem Afghanistan ofgeschloss. All US-Zaldoten hätten d'Land verlooss, huet de Pentagon annoncéiert. Domat de Militär-Asaz vun den USA am Afghanistan no 20 Joer eriwwer.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen