Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaffen an trotzdeem aarm - wien interesséiert dat schonn?

Fräie Mikro

Schaffen an trotzdeem aarm - wien interesséiert dat schonn?

Deen éischte Rapport Working Yet Poor koum kuerz virun der grousser Vakanz eraus. D'Resonanz war bescheiden, obwuel dëse Rapport drop hiweist, dat d'Gefor aarm ze bleiwen, och wann ee schafft, zu Lëtzebuerg héich ass an esouguer an de leschte Joren zougeholl huet.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

D'Aktualitéit vun de leschte Méint gouf vun der Covid-Kris dominéiert - Froe vu sozialer Gerechtegkeet si gréisstendeels verschwonnen. Esou huet den éischte Rapport vun der Uni Lëtzebuerg iwwer Mënschen, déi aarm sinn a bleiwen, obwuel se schaffen, kaum Interessi fonnt.

Tendenz aarm ze bleiwen klëmmt

Mir hunn en performant Sozialsystem mat Mindestloun an Index, mee trotzdeem steet Lëtzebuerg mat 12,1 Prozent Chancen, aarm ze bleiwen, och wann ee schafft, op der 3. Platz an der EU, no Rumänien mat 15,7 Prozent a Spuenien mat 12,7 Prozent. 2013 louch dës Gefor zu Lëtzebuerg bei 11,2 Prozent, an 2007 war se bei 9,3 Prozent - also eng däitlech steigend Tendenz.

De Rapport ënnersträicht, datt verschidde Salariéen enger gréisserer Gefor, aarm ze bleiwen, ausgesat sinn, ewéi anerer. Et sinn dëst auslännesch Staatsbierger, niddereg qualifizéiert Aarbechter, Deelzäitaarbechter oder Leit mat zäitbefristete Kontrakter, déi an de Secteure mat niddrege Léin schaffen.

D'Aarmutsquot vu Salariéen am Déngschtleeschtungssecteur mat nidderege Léin ewéi de Botzsecteur, ass duebel esou héich wéi déi an den anere Secteuren. Deelzäitaarbechter oder Leit mat Kontrakter op bestëmmten Dauer liewen éischter ënner der Bedreeung vun der Aarmut. D'Ausmooss vun der Aarmut bei dësen Aarbechter ass méi wéi duebel sou héich wéi bei anere Beschäftegten zu Lëtzebuerg.

Bal all zweeten Deelzäitaarbechter mat festem Aarbechtskontrakt zu Lëtzebuerg ass vun der Aarmut betraff. Si schaffen an den éischter schlecht bezuelte Beräicher vum Handel, dem Horeca oder dem Botzen - Beräicher, déi zum Deel och wärend der Pandemie essentiell Déngschtleeschtungen hu misse weider assuréieren.

Wou bleiwt d'Interventioun vun de Gewerkschaften?

Firwat hunn eis Syndikater dëser Fuerschungsaarbecht net méi Resonanz ginn? Déi betraffe Kategorië vun Aarbechter hunn et jo am schwéiersten an eiser Gesellschaft a brauchen eng Lobby fir hir Interessi ze verdeedegen. D'Gewerkschafte misste fir dës Gesellschaftsgrupp onbedéngt eng revendikativ Roll spillen, och wann se ënner hire Memberen net esou staark vertrueden ass.

Elengerzéiend Elterendeeler oder Eenzelstéit hunn och déi héchste Warscheinlechkeet, trotz enger Aarbechtsplaz an Aarmut ze liewen. Eng Ursaach ass der Etüd no déi ongënschteg Steierklass fir Celibataires a fir Monoparentauxen.

D'Präisser vun de Wunnenge sinn an dëser Etüd net berécksiichtegt ginn, well soss Zuel vun den Aarbechter, déi aarm bleiwen, vill méi héich wier. Fuerscher schätzen dës op 40 bis 45 Prozent fir verschidde Kategorie. Zuelen, déi interpelléieren an erschrecken.

Kollektivvertrag gëtt net iwwerall ugewannt

En intressant Resultat vun der Etüd ass, datt d'Instrument vum Kollektivvertrag net per se entscheedend ass, fir der Aarmut duerch d'Aarbecht ze entkommen. Well trotz Kollektivvertrag gëtt festgestallt dat d'Erhéijung vun nidderege Léin eleng net duer geet an datt dës aarm Aarbechter an Aarbechtssecteure schaffen, wou de Kollektivvertrag kaum ugewannt gëtt.

Couragéiert politesch Entscheedungen am Beräich vum Logement oder an deem vun enger gerechter Steierpolitik sinn erfuerdert - am Wëssen, datt mer et hei majoritär mat Auslänner ze dinn hunn, déi eng elektoral wéineg intressant Populatioun duerstellen.

Kann e räicht Land ewéi Lëtzebuerg sech erlaben, virun esou Tatsaachen d'Aen einfach zouzemaachen?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.