Juristesch Onprezisiounen, Formuléierungen déi iwwer d'Zieler erausschéissen di d'EU-Direktiv virgëtt a carrement Verfassungsverstéiss, de Staatsrot huet eng Hellewull vu Remarken an Observatioune gemaach an net zulescht och e puer formell Oppositiounen. Schonn déi allgemeng Kritik geet un d'Substanz vum Text dee Modifikatioune géif virgesinn, déi net an der Direktiv virgesi sinn, dat ouni dat et dofir iergend eng Explikatioun vun den Auteure géif ginn. Och d'Referenz op d'Superdreckskëscht déi am Text géif gemaach gin wier nët glécklech.
De Staatsrot erënnert drun, datt a Gesetzestexter kee Bezuch zu Persounen oder Gesellschafte sollt gemaach ginn. Géif déi Gesellschaft duerch eng aner ersat gin, géif d'Gesetz riskéieren net méi applicabel ze sinn. Kritiséiert gëtt dann och den Ëmstand, dat d'Lëscht vun de kommunalen Offäll net eent zu eent iwwerholl gouf an esou Onsécherheeten entstinn. Onkloer wier och wat Privatpersoune genee kënne falsch maachen, wa se Plastiksgeschier op Fester géife benotzen. Och d'Definitioun vu Mikroplastik wier onschaarf, hei wier mol nach net op EU-Niveau festgeluecht ëm wat et sech genee handelt. Onkloer wier zudeem och wat ënner Eenzelcollekte vun Offäll ze verstoe wier. Dat selwecht gëllt fir d'Responsabilitéit vun de Produzente wou Bezuch op autres déchets geholl gëtt ouni dat et eng kloer Definitioun gëtt.
Schliisslech kritiséiert de Staatsrot och nach de Volet vun de polizeileche Kontrollkompetenzen am Offallberäich, hei misste Proportionalitéit a Grondfräiheete garantéiert bleiwen. Alles an allem also e ganze Pak Aarbecht deen elo nach op den Ëmweltministère duer kënnt.